Et ass scho méi laang opgefall, dass de Musek-Beräich zu Lëtzebuerg net ganz gutt encadréiert a representéiert ass an dat lescht Joer huet nach emol méi bewisen, dass wann een sech zesumme setzt an sech austauscht, ee vill erreeche kann. Ganz symbolesch am Kader vun der Fête de la Musique gouf e Méindeg eng Allianz vun de professionelle Musek-Strukturen zu Lëtzebuerg virgestallt. Ma wat maachen déi dann elo genee, Michèle Schons?

24062021 Alliance Musicale

"Combinaison d'élements divers" esou ass de Begrëff Allianz am Lexikon erkläert. Doropshi gouf och den Numm "Alliance Luxembourgeoise des structures professionnelles de la musique" gewielt. Dës Allianz besteet aus verschiddenen Elementer, aus grousse staatlechen Batiments Publiques, aus Sarl'en an Asbl'en déi am Supporting-Beräich vun der Musek sinn, mam Carl Adalsteinsson vum CAPE als President:

et sinn eng 16 Strukturen déi d'Allianz gegrënnt hunn:

-          A-Promotions, société à responsabilité limitée ;
-          Bluebird Music, association sans but lucratif ;
-          CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, association sans but lucratif ;
-          Centre de Musiques Amplifiées, établissement public ;
-          De Gudde Wëllen / BLJ, société à responsabilité limitée ;
-          Salle de Concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, établissement public ;
-          Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs, association sans but lucratif ;
-          Foqus, société à responsabilité limitée ;
-          Institut Européen de Chant Choral (INECC) Luxembourg, association sans but lucratif ;
-          Konektis Entertainment, société à responsabilité limitée simplifiée ;
-          Mayfex, société à responsabilité limitée ;
-          Performers, société à responsabilité limitée simplifiée ;
-          Opderschmelz, Centre culturel régional Dudelange, service culturel de la Ville de Dudelange ;
-          SACEM Luxembourg, société civile ;
-          Trifolion Echternach, association sans but lucratif ;
-          United Instruments of Lucilin, association sans but lucratif.

Den But ass fir déi verschidde professionell Elementer aus der Lëtzebuerger Musekszeen zesummen ze bréngen, sech géigesäiteg ënnert d'Äerm ze gräifen an e Sproochrouer no baussen ze sinn.

Anere But ass och den Echange no bannen, de Partage vun Informatiounen, vu verschidden Themen, och Sparten-iwwergräifend. Et geet net drëms dass just Leit aus engem Genre zesumme kommen, ma dass och de Bléckwénkel breet opgemaach gëtt, dass een och vu Leit aus engem anere Genre kann eppes leieren.

No der Grënnung geet et elo drëms fir sech no baussen ze weisen a Memberen ze kréien. Et gi vill Ensembelen, Orchesteren, bis hin zu Festivallen Organisateuren, déi elo wäerte kontaktéiert ginn, dass jiddereen erkläert ka kréie wéi d'Alliance Musicale funktionéiert an dass bis Enn des Jores de Gros vun der Lëtzebuerger Musekszeen versammelt ass.

Wee gäre weider Informatiounen iwwert d'Lëtzebuerger Museksallianz hätt, dee mécht am beschten e Mail op contact@alliancemusicale.lu