Elo wou d'Summervakanz virun der Dier steet, freeën och d'Abriecher sech nees op méi Aarbecht. Effektiv huelen an der Vakanzenzäit d'Abréch nawell gären zou. Vun dohier ass et wichteg, op e puer Saachen opzepassen, wann Dir Iech an déi wuelverdéngte Vakanz maacht. Eis RTL Reporterin, d'Nicky Soisson, huet sech deem dach e bëssi delikate Sujet ugeholl a war fir eis bei den nationale Preventiounsservice vun der Police fir sech ze informéieren.

01072021 Vakanzenzait ass Abriecherzait

An hei war et den Tim Pauly vum Service national de Prévention de la criminalité vun der Police deen eisen RTL Reporter empfaangen huet an e puer Tipps ginn huet wéi ee seng Wunneng oder säin Haus am beschte schützt wann ee fortfiert.

Wann een en Alarmsystem huet, dann ass et elo vläicht den Ament dësen nach eng Kéier kontrolléieren ze loossen, dass dësen och richteg fonctionéiert. Et ass natierlech och wichteg, dass all d'Dieren an d'Fënsteren zou sinn an et soll ëmmer bewunnt ausgesi wann ee fort fiert. Do kann een zum Beispill d'Nopere mat an d'Boot huelen déi engem vläicht eng Hand mat upaken andeems se d'Bréifkëscht reegelméisseg eidel maachen, d'Rolllueden erop an erof loossen an d'Dreckskëscht erausstellen. Wichteg ass awer och net op de soziale Medien ze posten, dass ee fort fiert.

D'Police mécht awer speziell fir d'Schoulvakanzen eng Campagne am Kader vum "Départ en vacances", déi zwar dat ganzt Joer iwwer leeft, awer grad an de Summerméint méi gefrot gëtt. Hei kënnen d'Leit sech um Internet androen an e Formulaire ausfëlle wou se dra schreiwe vu wéini bis wéini se fort sinn an eng Kontaktpersoun uginn déi si als Police kënnen erreeche wa si op hirer Patrull eppes Suspektes feststellen.