© Police Lëtzebuerg
Déi meescht Abréch hei zu Lëtzebuerg geschéien daagsiwwer wa keen doheem ass. Ma déi lescht Méint gëtt awer och ëmmer méi dacks a Garagen oder Gemeinschaftsraim agebrach. Ma wéi och ëmmer: wann et zu engem Abroch kënnt, dann ass een dono dacks schockéiert an et fillt ee sech net méi sécher doheem. Fir dass et awer guer net sou wäit kënnt, gëtt et bei der Police den nationale Preventiounsservice, vun deem jidderee gratis profitéiere kann. Eis RTL Reporterin, d'Nicky Soisson war fir eis dohinner.
Den nationale Preventiounsservice vun der Police huet als Haaptaufgab d'Abrochpreventioun a geet ënnert anerem op Rendez-vous bei d'Leit heem fir si ze berode wéi se sech am beschte virun engem Abroch schütze kënnen.
Donieft bitt de Service awer och op der Haaptdirektioun an der Cité policiaire eng Ausstellung un wou een de Leit déi bauen a renovéieren eng kompetent Berodung ka ginn. Op Basis vun de Pläng oder dem Cahier de Charges gëtt dann zesumme gekuckt, wéi eng Sécherheetsklass vun Dieren a Fënsteren een am Beschte virgesäit, wéi en Alarmsystem fir d'Wunneng oder d'Haus optimal ass fir dass ee gutt geséchert ass.
Ma och eng Preventiounscamionnette gehéiert zu hirem Service. Mat där deplacéiert ee sech duerch dat ganzt Land bei Akafszenteren oder op lokal Mäert fir op der Plaz iwwert Abrochsécherheet, Trickdéifstall oder aner Forme vu Kriminalitéit ze informéieren.
D'Zil vum Preventiounsservice ass et d'Leit beschtméiglechst opzeklären, ze informéieren an ze sensibiliséieren an esou d'Kriminalitéit sou gutt et geet an der Gitt ze halen.