Onerwaarte Besuch doheem ze kréien, kann zwar alt mol eng flott Iwwerraschung sinn awer net wann et Abriecher sinn. Déi eng oder aner ënnert iech hu vläicht scho missten esou eng ellen Erfarung maachen a wësse wéi et sech ufillt wann engem d'Haus vun engem Friemen op d'Kopp gehäit ginn ass. Ma wat soll ee maache respektiv net maachen, wann dat engem geschitt? Eis RTL Reporterin, d'Nicky Soisson, war beim nationale Preventiounsservice vun der Police an huet sech informéiert.

01072021 Wat maache wa bei mir agebrach gouf

Den 1. Geste soll nach natierlech dee sinn, direkt den Telefon an de Grapp ze huelen an den 113 unzeruffen. Ganz wichteg ass, dass een net era geet fir ze kucke wat geklaut ginn ass oder wëllen opzeraumen éier d'Police do ass. Et soll näischt ugebak ginn éier d'Spueresécherung op der Plaz war fir Spuere kënnen ze sécheren. Ganz dacks kënnen nämlech DNA Spuere fonnt ginn déi vläicht Joren dono nach kënne benotzt gi fir den Abriecher ze identifizéieren. En 2. Grond firwat een net soll eragoen, ass fir sech selwer net a Gefor ze brénge well et kéint jo sinn, dass den ongewollte Besuch nach do wier.

Sollt een den Abriecher in flagranti erwëschen da soll ee sech op jiddwerfalls bemierkbar maache well de standard Abriecher hei am Land ass net op Konfrontatioun aus a leeft da léiwer fort.  A wann een eng suspekt Persoun beim Noper gesäit, da soll een och direkt den 113 uruffen an net selwer probéieren ze intervenéieren. Alternativ bitt d'Police awer och d'Méiglechkeet iwwert hier Police App Kontakt mat hinnen iwwert d'Chat-Funktioun opzehuelen. Dës erlaabt et och den 113 ze avertéieren ouni mussen haart ze schwätzen.