D'Liewe vun engem Sans-abri interesséiert eis haut de Moien. Eng grouss Hëllef kréie Léit ouni Dag iwwert dem Kapp op de Sitte vun der Stëmm vun der Strooss. Zu Esch an zu Hollerech kritt ee mëttes ze iessen an et gëtt no engem gekuckt. Eisen RTL Reporter Loïc Juchem war gëschter Mëtteg bis laanscht kucken an huet sech ugekuckt wei eng Servicer nach zousätzlech ugebuede ginn.

06/07/2021 Op der Strooss: Bei der Stëmm vun der Strooss zu Hollerech

Sou gesäit et an der Kleederstuff aus. Emol de Mount kënne Léit mat wéinege Suen oder Persounen déi keen Dag iwwert dem Kapp hunn, sech hei zerwéiere kommen.

RTL
RTL
RTL

150 Léit kommen an der Moyenne all Mëtteg heihin iessen. Et probéiert een och de all zweete Weekend seng Dieren opzemaachen.

RTL
RTL