50 Cent kascht e Mëttegiessen bei der Stëmm vun der Strooss an dovunner profitéieren all Dag eng 150 Persounen an der Staat. Dat ware virun der Pandemie däitlech méi Leit, ma no an no klëmmt d'Unzuel vun de Clienten awer nees. De Fonctionnement vun der Kleederstuff krute mer de Moien jo schonn erkläert, dat ass déi Plaz wou d'Léit vun der Strooss sech emol de Mount kënnen akleeden goen. Elo léiere mir de Walter kennen. Eisen RTL Reporter Loïc Juchem huet sech gëschter mat him getraff a krut verzielt, wéi hien et vun der Strooss a seng eege véier Wänn gepackt huet.

06/07/2021 Op der Strooss: Dem Walter seng Geschichte