De leschten Zuele vum Statec no liewen hei am Land 1,2% vun der Populatioun "en situation de privation materielle sévère", dat heescht 1,2% leiden ënner Aarmut. Et ass e Fakt, datt ëmmer méi Leit op der Strooss liewen. Haut de Moien interesséiere mir eis fir déi Leit déi keen Dach iwwert dem Kapp méi hunn. Dat kann heiansdo ganz séier goen, wei eisen RTL Reporter Loïc Juchem gëschter um Site vun der Stëmm vun der Strooss gemierkt huet.

06/07/2021 Op der Strooss: Dem Michael säi Liewen op der Strooss

Wann dir dem Michael wëllt hëllefen, da kann een sech via Mail bei him mellen. Seng Mailadress ass déi folgend: michaelschmitz.lux@gmail.com

RTL