© pixabay
Nach bis den 31. August organiséiert Natur & Ëmwelt mat senge Partner d'Campagne "En Dag an der Natur", fir de Leit d'Méiglechkeet ze ginn d'Landschaft heiheem, d'Déieren an d'Planzewelt op eng ganz spannend a lieweg Aart besser kennenzeléieren an se esou och ze schützen. D'Michèle Schons pléckt iech all Woch e puer spannend Saachen aus dem Programm eraus.
D'Haus vun der Natur geet muer der Fro no: Wou ass d'Feldhong? De Vull vum Joer a säi Liewensraum gëtt um hallwer 3 méi genee op der Kockelscheier analyséiert, zesumme mat de Kanner vun 8 bis 12 Joer. Sonnie Nickels 2904041.
D'Stad Lëtzebuerg proposéiert och muer e Beien- an Insekteparcours am stättesche Liewensraum wou een d'Biodiversitéit entdecke kann. De Rendez-vous ass um 5 beim LCTO an der Stad. Nicole Isaac 47964773.
Wéi wär et mat enger Schatzsich fir Kanner bis 12 Joer zu Fluessweiler? Einfach de Rucksak paken, Wanderschong un a lass. Info emweltkommissioun@flaxweiler.lu
© pixabay
2000m2 landwirtschaftlech Notzfläch steet theoretesch all Mënsch zur Verfügung. Wat fir eng Ubauflächen fir dat järlecht Liewen noutwenneg sinn a wéi mer eis Konsumgewunnechten upasse kënnen fir eis nohalteg z'ernieren, dorëms geet et en Donneschdeg am Projet 2000m2 fir eist Iessen, vun Natur & Ëmwelt zesumme mat Co-Labor an IBLA. Matthieu Wittmann 2904041.
Ab 2 Auer e Samschdeg a bis e Sonndeg 11 Auer heescht et zu Käerch "Eng Nuecht ënner Stären", mat enger Wanderung, wou dat néidegt Material gesammelt gëtt fir en Nuechtlager ze bauen, e Lagerfeier ouni Fixfeier ugefaangen, an och Owesiesse gekacht gëtt. Gilles Wagner 24756541.
Dir kënnt iech de Sonndeg awer och mam Päiperlécksnetz an der Spektive equipéieren an no de Pimpampelen an de fréieren Dagebaugebidder op der Léiffrächen op Entdeckungstour goen, lass geet et hei um 10 Auer op en Tour vun 2-3 Km. Claudine Felten Natur&Ëmwelt Sektioun Haard: 621388391.
© pixabay
Et war eemol, esou fänke vill spannend Geschichten un, wat ass wann se wouer wären? Den Naturschutzzentrum A Wiewesch invitéiert op e Geschichtentour am märchenhafte Schluchtbësch laanscht d'Syr. Muriel Nossem 2671671 awiewesch@anf.etat.lu