Carbonara a Co. heescht eis Serie an där mer de Numm vu verschiddenen Platen erklären. Wou sinn se eng éischte Kéier servéiert ginn a firwat heeschen se wéi se heeschen? Optakt mécht eppes Gutts aus Éisterräich.

12/07/2021 Carbonara a Co. - Kaiserschmarrn

Mir proposéieren e Kaiserschmarrn.

Wéi den Numm vum Kaiserschmarrn entstan ass, doriwwer ginn et vill Legenden. Dass mam Keeser de Franz Joseph I. gemengt ass, dat dierft awer kloer sinn.

RTL

© Pixabay

Mir sinn am Joer 1854. De Kach um Haff vum éisterräicheschen Keeser Franz Joseph wollt zu Ischl speziell fir d'Keeserin Sissi e liichte Plat virbereeden. Dofir e lëftegen Deeg aus Eeër, Mëllech a Miel. Gekréint mat e puer Roséngen an Zocker. Dësen huet dunn am Ufank Kaiserschnarrn geheescht.

War et éiren de Keesser dee Schmarrn verstan huet oder ass d'Kesserin responsabel fir den Numm? D'Sissi huet ëmmer op hir Linn opgepasst an huet duerfir wahrscheinlech nëmmen wéineg dovunner giess. Doropshi sot de Keeser, hie géif dee Schmarrn dann eben iessen deen de Leopold gekacht hätt. Schmarrn ass d'Definitioun fir eppes Mannerwäerteges.

Da gëtt et awer och nach d'Versioun vum Palatschinken, mir nennen et Paangesch, deen um Haff net gelongen ass. Duerfir gouf den Deeg zerrappt a mat Roséngen an Zocker garnéiert.

Oder dee ganze Schmarrn huet emol näischt mam Keeser ze dinn an den Numm kënnt vu "Kaserschmarrn". Dat ass en einfachen, awer deftegen Plat deen op der Alm giess gouf an och nach Kaser genannt gouf. Iwwert dem oppenen Feier gouf déi virun allem bei de Sennen giess, den Hierten. De Plat gouf a Kaiserschmarrn ëmgedeeft nodeems de Keeser dësen no enger Juegd servéiert krut an déck begeeschtert dovu war.

An den Dictionnairen gëtt de Schmarrn als "an der Pan zerrappten Deeg" bezeechent deen d'Tendenz huet mannerwäerteg ze sinn. Duerfir och den Ausdrock "so an Schmarrn".

RTL

Haut gëtt et de Kaiserschmarrn a ville Variatiounen. Karamelliséiert, mat Roséngen, Mandelen, Äppelkompott, Kiischten oder Mirabellen.