Och den RTL Reporter feiert vun dëser Woch un de Summer, mir weisen Iech um Radio déi nächst 8 Wochen di schéinsten Ecken vum Land an treffen vill interessant Leit, op spannenden Platzen.

A Wat gëtt et do méi Flottes fir den éischten Reportage wéi sech Lëtzebuerg vun uewen unzekucken aus dem Ballon.

12072021RTLSummerReporter 12h15 Ballon Radio

Mat dréi Ballonen si mer vun Dikrech iwwert d’Éisleker Koppe geflunn.
De Nico Betzen huet scho vill Erfarung mat Ballon fléien, an ass ëmmer frou fir Leit am Kuerf matzehuelen an hinnen eist schéint Land vun Uewen ze weisen.

Awer och d’Passagéier si begeeschtert, esouguer déi di e bëssi Angscht virun der Héischt haten, hunn de romanteschen Vol genoss.

De komplette Reportage, de mer natierlech bei schéinem Wieder produzéiert haten, mat Fotoen an dem Link kritt der iwwert radio.rtl.lu De Rescht vun dëser Woch si mer all Dag kuerz no 12 am Guttland ënnerwee, besichen Schlässer a Buergen an drénke Béier mam Expert.

RTL

© Max Wagner

12072021RTLSummerReporter 12h15 Ballon Web Reportage
12072021RTLSummerReporter 12h15 Ballon ITW NicoBetzen
RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Max Wagner

RTL

© Max Wagner

RTL

© Max Wagner