© Dan Vinkowski
D’Dall vun de 7 Schlässer am Guttland ass Land bekannt, mee kënnt dir och d’Gréiwe Schlass zu Käerch? Eisen RTL-Summer Reporter trefft zwee Leit vun der Equipe déi sech zanter Joren dofir asetzt, fir dat haut erëm Liewen an dat aalt Gemaier kënnt.
Et gëtt och d‘Entree zum Dall vun de 7 Schlässer genannt, d’Gréiwe Schlass zu Käerch.
Bal wieren d’Ruine vum Schlass an de Koup gefall, hätte net e puer engagéiert Bierger vu Käerch d’Initiativ geholl, an dat historescht Gemaier gerett.
D’Maueren erzielen aus alles Epoche vun der Konschtgeschicht, an iwwert déi modern Stol Konstruktioune vun Haut, kann ee Geschicht ganz no erliewen an esouguer bis an den alen Hexen Tuerm eraklammen.
An do wou fréier d’Herrschaften am Palas gelieft hunn, get haut Kultur a ville Variatioune gewisen.
Méi Detailer iwwert déi spannend Geschicht vum Gréiwe Schlass, kritt der mat de Reportagë bei eis am Web, hei fannt der Fotoen an de Kulturprogramm iwwert de Link op Käerch, alles op radio.rtl.lu
https://www.ksf.lu/index.php/de/