Gréiwemaacher gëtt net ëmsoss d‘Metropol un der Musel genannt, hei gëtt fir jiddereen eppes gebueden. Eisen RTL Summer Reporter start säin Tour laanscht d’Wäistrooss mat dem beschte Guide den ee kann zu Maacher fannen, der lètzebuerger Wäikinnigin.

19072021RTLSummerReporter Musel Macher Radio

D’Lëtzebuerger Wäikinnigin ass net nëmmen en original Maacher Meedchen, et kennt och aus enger Wënzerfamill, a kënnt sech och mat Wäin aus.

Jessica Bastian erzielt eis wéi een zu enger Wäikinnigin gekréint gëtt, wat et an dem Job muss alles esou maachen, a wat et un der schéiner Musel esou ze entdecken an ze erliewe gëtt.

Méi Tipps vum Jessica, der aktueller Wäikinnigin, kritt der mat Fotoen a Link bei eis op radio.rtl.lu, a muer gëtt et dann op d’Schëff.

19072021RTLSummerReporter Musel Macher Web
RTL
RTL
RTL

© Photo Design Team Grevenmacher

RTL