Si gesi knuffeg aus an neierdéngs fënnt een se net just a Südamerika, ma och op heemesche Wisen a Felder. Lamaen oder Alpakaen. Wéi ginn déi Déieren dann eigentlech aartgerecht gehalen a wéi ginn se mat eisem Klima eens? D'Michèle Schons war zu Fëlschdref e puer Alpakae besichen

13/07/2021 Bei den Alpaka

E brongt Déier, ongeféier esou grouss wéi e Schof kuckt virwëtzeg hannert der Heck ervir. Den Anton, den Neru an de Wiesley, sinn dem Marcel Wildgen seng Jongen, wéi en se léif nennt, a fir hien ass dat am Laf vun de Joren eng richteg Passioun ginn. Hie war vun Ufank un vun deene schéinen Déiere faszinéiert. Hien hat ëmmer dräi Déieren an huet viru kuerzem elo nach zwee Baby'en vu 7 an 9 Méint bäikritt. den Anton ass deen eelsten an huet elo 25 Joer.  

RTL

© Marcel Wildgen

Dem Marcel seng Alpakae si glécklech, dat gesäit een op den éischte Bléck direkt. Och wann et en Déier ass, wat zu der Famill vun de Kaméile gehéiert an theoretesch guer net an eis Géigend gehéiert, passt et sech immens gutt un. Am Summer mussen se geschuer ginn, well et hinnen eventuell ze waarm ka ginn. An den Anden ass e bëssen anert Klima wéi hei.

RTL

© Marcel Wildgen

Den Alpaka huet seng Originnen a Südamerika, déi dräi Fëlschdrëffer sinn allerdéngs hei zu Lëtzebuerg op d'Welt komm. Am Prinzip ginn se gehale wéinst der Woll, wat eng ganz héichwäerteg Woll ass well se gutt waarm ass an d'Waasser ofhält. Et ass allerdéngs schwéier fir een ze fannen, deen se och verschafft.

RTL

© Marcel Wildgen

Wann een sech esou en Déier hält, ginn et allerdéngs och gewësse Saachen déi een onbedéngt respektéiere sollt, esou dass d'Déier och aartgerecht gehale gëtt. Si brauche vill Plaz a kënnen och lafe beim Marcel op 30ar. Si musse kënne lafen a brauchen am Wanter en Ënnerstand. 

RTL

© Marcel Wildgen

Och wann se knuffeg a séiss ausgesinn, an een se am léifste géing drécken, den Alpaka ass alles anescht wéi en Hond oder eng Kaz, also och kee Schmusedéier. Si loossen sech net gären upaken a lafen och direkt fort, esou wéi een dat och beim Wëllt gewinnt ass. 25 bis 27 Joer kënnen d'Alpakaen al ginn an si sollen och net eleng ma am Grupp vun op mannst dräi Déiere gehale ginn. 

RTL

© Marcel Wildgen