Nach bis den 31. August organiséiert Natur & Ëmwelt mat senge Partner d'Campagne "En Dag an der Natur", fir de Leit d'Méiglechkeet ze ginn d'Landschaft heiheem, d'Déieren an d'Planzewelt op eng ganz spannend a lieweg Aart besser kennenzeléieren an se esou och ze schützen. D'Michèle Schons pléckt iech all Woch e puer spannend Saachen aus dem Programm eraus.

19/07/2021 En Dag an der Natur 19-25 Juli

Dëse Freideg organiséiert den Naturschutzzentrum a Wiewesch zu Manternach eng ganz flott Vollmoundwanderung wou der mat all äre Sënner kënnt spadséiere goen. 21.00-23.00h awiewesch@anf.etat.lu

RTL

Den Natur a Geopark Mëllerdall invitéiert e Samschdeg vun 9 bis 12 Auer op de Parking Millen zu Konsdref, wou der méi iwwer d'Problematik vun invasiven Aarten fir déi heemesch Flora a Fauna gewuer gitt, a mathëllefe kënnt d'Onkraut op spezifesche Plaze fort ze maachen. Natur- & Geopark Mëllerdall - Kontakt: Elina Zepp, 26 87 82 91 30, elina.zepp@naturpark-mellerdall.lu

RTL

Den Naturschutzzentrum Ellergronn invitéiert op eng Graveltour am Beetebuerger Bësch, dem Bëschreservat, dee vu ville Weieren a Biotope markéiert ass. Eng gutt physesch Konditioun ass néideg an den Helm ass Flicht. De Wee ass ideal fir Gravel Bike, Cyclo-Cross, MTB, oder e-MTB. Kontakt: Gian-Marco Bartolini, 24 75 65 16, ellergronn@anf.etat.lu 

Eng Yogamatt, e Pillem an eng dënn Decke braucht der fir de Kanner Yoga vun 3 Auer un och am Ellergronn. De Cours gëtt dobaussen ofgehalen an ass op franséisch. Kontakt: Sofia Álvares, 24 75 65 16,  ellergronn@anf.etat.lu

RTL

Ganz spannend keltesch Geschichte ginn et dëse Sonndeg am Naturschutzzentrum Biodiversum zu Rëmerschen. Wann den Niwwel sech iwwert d'Weiere leet an eng Lëftchen bléist, dann ass Zäit fir vun hinnen z'erzielen: den onsiichtbaren Elfen a Feeën, de geheimnisvolle Bëschfraen, mee och vun de wëlle Bëschgeeschter.  D'Aktivitéit ass fir d'ganz Famill a bréngt w.e.g. e Picknick mat. Umellen bis: 22.07. am Biodiversum Kontakt: Muriel Nossem, 24 75 65 31, biodiversum@anf.etat.lu

RTL

An e Sonndeg kënnt der dann och am Ellergronn ab Moies hallwer 10 op enger guidéierter Tour e puer Iwwerreschter vum Eisenäerzofbau entdecken, wéi zum Beispill d'Pompelstatioun, de Killtuerm oder awer d'Polferhaus wou de Sprengstoff gelagert gouf, dee fir de Stolle benotzt ginn ass. Kontakt: André Rosa, 24 75 65 16, ellergronn@anf.etat.lu