Een EU Bierger consomméiert an der Moyenne 106 Liter Fläschewaasser pro Joer. D'Konsequenzen heivu sinn: Vill Opwand, vill Plastik, méi Energie a virun allem méi deier. Ma fir eisen Duuscht ze stoppen gëtt awer eng méi bëlleg a virun allem eng méi nohalteg Alternativ zum Fläschewaasser an dat ass d'Krunnewaasser. Julie Mathes.

20/07/2021 Krunnewaasser oder Fläschewaasser? (ONLINE)

Hei zu Lëtzebuerg huet een de Choix säin Drénkwaasser am Commerce an der Fläsch ze kafen oder einfach vum Krunn ze zapen. Et géing ee mengen dass sech hei jidderee fir d'Waasser vum Krunn entscheet, well dëst net nëmmen den Opwand vum Schleefe vum Supermarché bis heem erspuert mee et donieft och vill méi bëlleg ass. Aus engem nationale Sondage geet awer eraus, dass nach ëmmer 40% vun der Populatioun léiwer d'Waasser aus der Fläsch drénken. Aus deem Grond huet den Ëmweltministère eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert mam Zil d'Bevëlkerung drun ze erënneren, dass eist Waasser vum Krunn net nëmme gesond ass mee och méi ekologesch. Wisou ass et awer schwéier d'Leit vum Krunnewaasser ze iwwerzeegen? De Gil Kirchen vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.
Dat hänkt ënner anerem u verschidde falsche Glawen. Zum Beispill dass Krunnewaasser kee gudde Goût sollt hunn, dass d'Waasserleitungen net vertrauenswierdeg sinn, oder dass de Kallek ongesond wär.

D'Campagne soll also hëllefen falsch Glawen an Ängschten ewechzehuelen an sou d'Leit ze motivéieren éischter op d'Waasser vum Krunn ëmzeklammen. Wann een nämlech d'Waasser vum Krunn drénkt spuert een nieft de Suen eng jett vu Ressourcen.
D'Waasser vum Krunn ze drénken verbraucht manner Energie, manner Lagerung an och manner Transport wéi Waasser aus der Fläsch. An deen Ënnerscheed ass net kleng. Als Beispill: D'Produktioun vum Fläschewaasser verbrauch tëschent dausend an zwee-dausend mol méi Energie. Zweete Punkt: Ee Liter Fläschewaasser verbraucht 4 Liter Waasser eleng fir d'Produktioun. Dat heescht wann ech elo 1 Liter Waasser aus der Fläsch drénken, dann drénken ech dobäi déi 4 Liter aus der Produktioun mat. Dat ass eng grouss Verschwendung. Een drëtte Punkt wär d'Verschmotzung duerch de Plastik an dat ass natierlech ee grousse Problem wann ee weess dass eng Plastiksfläsch iwwer 400 Joer brauch fir sech an der Natur ze zersetzen. 

Donieft ass et usech ganz einfach op Krunnewaasser ëmzeklammen, well d'Waasser aus dem Krunn ass am Fong keen anert wéi dat aus der Fläsch. Zu Lëtzebuerg kennt d'Waasser vum Krunn virun allem vun 2 Quellen.
50% kennt aus dem Buedem an de Buedem ass jo een natierleche Filter. Zu Lëtzebuerg ass de Sandsteen déi Haaptgrondwaasserreserve. An déi aner 50% kommen aus dem Stauséi an d'Waasser aus dem Stauséi gëtt duerno effikass opbereet.

De Gil Kirchen betount dass ee sech hei zu Lëtzebuerg absolut keng Gedanke brauch ze maachen fir dëst Waasser kënnen ze drénken.
Zu Lëtzebuerg hu mir déi grouss Chance dass do ganz detailléiert a reegelméisseg Analyse gemaach ginn. Dat sinn am Joer 12.000 Analysen a Kontrollen, déi och ëffentlech fir all Gemeng aus dem Land sinn. Fir et einfach ze maachen, et gëtt keen anert Liewensmëttel dat besser kontrolléiert ass wéi d'Krunnewaasser.
 
Mir sinn hei am Land also extrem privilegéiert fir kënnen d'Drénkwaasser fir ganz bëlleg an a gudder Qualitéit vum Krunn ze drénken. An anere Länner musse meeschtens d'Fraen, Kilometer wäit trëppelen fir iwwerhaapt u proppert Waasser ze kommen. Et ass awer och wichteg hei ze betounen, dass dëst Drénkwaasser, wat mir ënner anerem och fir eis Dusch an eis Toilette notzen, eng wäertvoll Ressource ass, déi een net einfach esou verbëtze, mee bewosst gebrauche soll.

Weider Videoen a Pousteren vun der Drénkwaasser Campagne: