Iergendwou goufen déi bekannte Platen eng éischte Kéier servéiert, respektiv goufen se eng éischte Kéier erwähnt. An eiser Summerserie "Carbonara a Co." wëlle mer genee dat erausfannen. Haut si mer op de Spuren vun engem bekannten Toast. Een, bei deem den Numm näischt mat där Plaz ze dinn huet wou en och erfonnt gouf: den Toast Hawaii

19/07/2021 Carbonara a Co. - Toast Hawaii

Op den Toast leeë mer Ham, Ananas a Kéis. Sou einfach geet en Toast Hawaii.

Mee elo mol am Detail: d'Brout ass liicht geréischtert. Dorop kënnt Botter. Dann eng Scheif réi oder gekachten Ham, Ananas a Kéis an dann dat ganzt iwwerbak. Herno kann dat nach mat enger Kiischt oder mat Kréischelen dekoréiert ginn.

Als deen deen den Toast Hawaii erfonnt huet gëtt de Fernsehkach Clemens Wilmenrod genannt, deen och den éischten däitsche Fernsehkach iwwerhaapt war. 1955 huet hien den Toast Hawaii op der däitscher Tëlee presentéiert.

"Clemens Wilmrenrod bittet zu Tisch" huet dem geléierten Acteur seng Sendung vun 1953 bis 1964 geheescht. Schauspillerei huet et munchmol gebraucht wann et mol net sou an der Kichen geklappt huet. Seng Fra Erika huet souguer hannert de Kulissen matgekacht a matgebak am Fall wou mol séier huet missen eppes ausgetosch ginn.

Anerer behaapten de Wilmenrod hätt d'Rezept vu sengem Proff a Konkurrent Hans Karl Adam geklaut, respektiv dass beim US-amerikaneschen Grilled Spamwich oder dem franséischen Croque Monsieur geknäipt gouf.

Egal wat dann elo stëmmt, de Clemens Wilmenrod huet den Toast Hawaii populär gemaach. Freides owes huet hie bannent enger véirel Stonn seng Rezepter presentéiert. Eng véirel Stonn misst duergoen fir eppes Gutts ze kachen, och wann ee mol an der Mëttesstonn net esouvill Zäit huet. Dat war also och schonn an de 50er Joren aktuell. Wann de Wilmenrod gekacht huet waren d'Stroossen eidel. An den Dag drop d'Regaler an de Supermarchéen mat de Produiten mat deenen de Wilmenrod gekacht huet och.

Nieft dem Toast Hawaii ass vun him och nach de Rumtopf oder déi gefëllten Äerdbier.

1964 gouf seng Sendung aus dem Programm geholl ginn. 3 Joer drop ass de Wilmenrod gestuerwen. De Succès vu sengem Toast huet en also net méi erlieft. Och wann den Toast Hawaii et zwar international net wäit bruecht, war en dofir an Däitschland an der DDR ëmsou méi beléift. An den 80er a 90er Joren fënnt een e souguer nach, virun allem an de Caféen. En Iessen dat polariséiert, ähnlech wéi Diskussioun ob dann elo Ananas op eng Pizza gehéiert oder net.

Aner  Fernsehkäch wéi den Tim Mälzer oder de Johann Lafer hu souguer schonn hir eege Kreatioun vum Toast Hawaii presentéiert. E Stéck Brout mat Ham, Kéis an Ananas aus der Béchs. Iwwert den Toast Hawaii gëtt och 65 Joer no der Creatioun nach geschwat

RTL

© Pixabay

Toast Hawaii à la Tim Mälzer (4 Leit):

1-2 Baby Ananas
4 dënn Scheiwen Schwaarzbrout
150 gr. Serano-Ham
8 Stécker Thymian
100 gr. Manchego Kéis
3 EL Olivenuelech

Ananas schielen an an dënn Scheiwen schneiden. D'Ham op d'Brout leeën an d'Scheiwen dorop verdeelen. Duerno kënnt den Thymian drop. De Kéis gëtt driwwer geraaspelt, duerno kënnt den Olivenueleg drop.
Dat ganzt op e Bakuewegitter leeën an am virgehëtzen Uewen bei 240 Grad op der mëttelster Schinn 5-8 Minutten iwwerbaken.