Kaiserschmarrn, Caesar Salad an den Toast Hawaii hu mer an eiser Rubrik "Carbonara a Co." schonn ënner d'Lupp geholl fir erauszefannen firwat Platen sou heeschen wéi se heeschen a wéi eng Geschicht do derhannert stécht. Elo verschléit et eis a Bella Italia.

23/07/2021 Carbonara a Co. - Pizza Margherita

Et ass de Klassiker ënnert de Pizzaen, d'Basis vu en alleguer: d'Pizza Margherita.

Sou klassesch wéi d'Pizza selwer ass dann och hir Geschicht.

Anscheinend soll déi italienesch Kinnigin Margherita aus der Savoie während hirer Vakanz um Schlass Capodimonte héich iwwer Neapel Loscht op eng Pizza gehat hunn. D'Kinnekshaus hat natierlech eng ganz Hickecht u Käch. Déi waren sech awer ze fein fir sou e simple Plat ze maachen, schliisslech war d'Pizza en Iessen fir aarm Leit.

Dee beschte Pizzabäcker aus der Stad gouf geruff, zu där Zäit de Raffaele Esposito. Hien huet d'Pizza Margherita eng éischte Kéier präparéiert.

RTL

© Pixabay

D'Kinnegin Margherita krut am ganzen 3 Pizzaen servéiert a war virun allem vun enger ganz begeeschtert. Déi an den Nationalfaarwen vun Italien: Rout Tomaten, wäisse Mozzarella a grénge Basilikum. Am Summer 1889 war d'Gebuertsstonn vun hirer Pizza.

An der Stad Neapel um Fouss vum Vesuv hänkt haut nach an der Pizzeria Brandi e Bréif deen d'Margherita dem Pizzaïolo soll geschéckt hunn fir merci soen. Historiker betounen, dass scho virum Esposito aner Pizzabäcker der Kinnigin esou eng Pizza gebak hätten, hie wier awer deen eenzege gewiescht deen de Bréif deen e geschéckt krut gehalen hätt.

RTL

© Pixabay

D'Konscht vum napoletanesche Pizzabaken steet souguer zanter 2017 op der Lëscht vun den immateriellen Kulturierwen vun der UNESCO.