Iwwer wat schwätzt Welt? Mir reesen an der Summervakanz eng Kéier ronderëm d'Äerd a kucken eis u wat d'Woch iwwer an anere Länner lass war. An dës Woch, fléie mir op?

30/07/2021 Iwwer wat schwätzt Welt... am Mali?

Haut flitt eise Feil op....Mali.

Mali läit a Westafrika an ass e Banneland, dat heescht et huet keen Accès zum Mier. 

RTL

© afp

Mali ass déi nërdlechst Heemecht vum afrikaneschen Elefant. Och wann et net méi esou vill grouss Mamendéieren do ginn. Dofir hunn si awer ganz vill verschidde Vullenzorten. Ënner anerem iwwerwanteren europäesch Zuchvullen an der Géigend vum grousse Floss Niger. 

RTL

© pixabay.com

Fréier war et ee vun deene wichtegste Verkéierspunkten aus der Géigend. Am 14. Joerhonnert sinn hei déi éischten Universitéiten an Afrika entstanen. Wéinst de ville Bibliothéiken huet et als Zentrum vun der Wëssenschaft gegollt. 

RTL

© pixabay.com

Am ganze ginn et 13 verschidden offiziell Sproochen, ënnert anerem Franséisch. Bis 1960 war et eng franséisch Kolonie an war no der Onofhängegkeet laang Zäit e Musterbeispill vun der Demokratie a Westafrika. An den 2010er Joren huet souguer den Tourismus ugefaange mat boomen, bis 2012 d´Regierung an engem Militärputsch gestierzt gouf. Dat selwecht ass nach eng Kéier 2020 geschitt an am Mee vun dësem Joer.

An do knäppe mir och direkt u fir iwwert d'Noriichte vun dëser Woch aus dem Mali ze schwätzen

An zwar dës Kéier kee Putsch, mee awer nees en Ugrëff op den Iwwergangspresident. Den Offizéier, deen zanter dem leschte Putsch un der Spëtzt ass, war d'lescht Woch vun engem Mann mat engem Messer attackéiert gi wärend engem Gebiet. Den Ugräifer ass elo virun e puer Deeg am Prisong gestuerwen, ënnert nach ongekläerte Grënn. Eng Autopsie soll fir Opklärung suergen.

RTL

© afp

Den Assimi Goita

D'Telekommunikatiounsentreprise Orange Mali huet elo e Kontrakt mat der Regierung ausgemaach fir hiren eegene Stroum hierzestellen. Dat ass déi éischt Kooperatioun an där Form südlech vun der Sahara an déi zweet Filiale iwwerhaapt, déi dat mécht. D'Energie soll mat Solarzelle gewonne ginn an zukünfteg Defiziter u Stroum ausgläichen, déi et bis elo ëmmer nees ginn ass.

Nom Mord un engem Jugendlechen zu Lafiabouou, direkt bei der Haaptstad komme 6 Polizisten an de Prisong. De jonke Mann ass d'lescht Woch bei enger Policekontroll ëm d'Liewe komm. Dofir sinn déi lescht Deeg vill Leit op d'Strooss gaange fir, datt Täter solle bestrooft ginn. Elo sinn déi concernéiert Polizisten identifizéiert a verurteelt ginn.

An d'Haaptstad Bamako soll elo fräi vun Offäll ginn. 500 000 Tonnen Dreck, fir déi bis elo nach keng Léisung fonnt gouf, ginn ewech geholl, verbrannt an domadder soll Energie hiergestallt ginn. Do kënnt den Ëmweltminister an d'Dreemen, den Dreck wëlle si an Zukunft esou gutt an de Grëff kréien, dass si d'Offäll bis bei d'Leit siche gi fir genuch fir ze verschaffen ze hunn. Fir d'éischt sinn elo mol d'Stied Bamako a Kati drun.

Dat war dann elo eise kléngen Abléck an de Mali. Iwwregens sinn zanter dem Mee och 13 Lëtzebuerger Zaldoten dohi geschéckt gi fir eng Missioun.