An eiser Summerserie "Carbonara a Co." huele mer haut een Dessert ënner d'Lupp. Kucken also wou deen eng éischte Kéier erwäänt gouf a wou den Numm hierkënnt. De Raoul Roos servéiert eng Glace

26/07/2021 Carbonara a Co. - Fürst Pückler Glace

Keng Straciatella-Glace, well do wier ee séier fäerdeg mat der Erklärung. Inspiréiert ass déi nämlech un enger réimesch-toskanescher Zopp an där een e réit Ee aréiert. Doduerch entstinn Eeërstécker an der Zopp déi verschidde grouss sinn, ähnlech wéi de Schokla an der Glace. Stracciato ass italienesch fir zerrappt oder zerfatzt.

Et geet awer elo ëm d'Geschicht vun der Fürst-Pückler-Glace. Déi di aus 3 Zorte besteet, benannt nom Landschaftsarchitekt a Reesauteur Hermann von Pückler-Muskau.

RTL

© Pixabay

Den Hermann von Pückler-Muskau war och e grousse Frënd vu Gäert, virun allem déi englesch Landschaftsgäert hunn hie faszinéiert. Säi Schlasspark an der sächsescher Oberlausitz huet en an deem Stil gebaut an duerfir säi ganzt Verméigen ausginn. Dierfer a Beem hu missen ëmplacéiert an de Floss Neisse ëmgeleet ginn. De Park gehéiert haut zum Weltkulturierwen.

D'Fürst-Pückler-Glace gouf eng éischte Kéier am Kachbuch vum kinneklech-preussesche Kach Louis Ferdinand Jungius 1839 erwähnt. Hie war vun 1817 bis 1819 Kach beim Fürst Pückler zu Bad Muskau an huet d'Glace no him benannt. 

RTL

© Pixabay

Deemools war et nach keng Glace wéi mer se haut kennen, éischter eng Demi-Glace mat vill Ram a Friichten déi an dräi Schichten an eng Form gefëllt gouf. Vanill, Schokla an Hambier oder Äerdbierglace.

Virun allem an de 1960er a 1970er Joren wor d'Fürst-Pückler-Glace beléift. Och nach bekannt als "Neapolitanische Schnitte" déi tëscht zwou Wafelen läit.

Souguer en Asteroid ass nom Fürst Pückler benannt, dee virun 150 Joer gestuerwen ass.