Hat der haut schonn en Dessert? Mir servéieren iech op alle Fall elo eppes Séisses. An dat an eiser Summerserie "Carbonara a Co." an där mer op d'Geschicht vu verschiddene Platen aginn.

30/07/2021 Carbonara a Co. - Crêpe Suzette

Eng dënn Crêpe, déi dann an enger Zooss aus Orangëlikör an Orangëjus flambéiert gëtt. Dat ass eng Crêpe Suzette.

D'Rezept ass per Zoufall entstanen. De brittesche Krounprënz a spéidere Kinnek Edward VII war den 31. Januar 1896 am legendäre Café de Paris zu Monte Carlo. Do huet den nëmmen 14 Joer jonken Henri Charpentier seng Léier als Kach gemaach an dem Edward a sengen 18 Gäscht un hirem Dësch Paangecher präparéiert. Iwwerdeems de Charpentier seng Zooss wollt maachen huet de Likör Feier gefaangen.

De Léierbouf huet versicht dat ganzt ze iwwerspillen fir dass keen de Fehler soll matkréien. Onopfälleg huet en d'Crêpe geschmaacht a war der Meenung, dass een de Gäscht dat kéint servéieren. Den Edward krut gesot dass dëst en neit Rezept wier. De Krounprënz war déck begeeschtert.

De Charpentier soll spontan op den Titel "Crêpes Princesse" komm sinn fir den deemolege Prince of Wales ze éieren. Dee war awer der Meenung se soll heeschen wéi seng charmant Begleedung. An déi huet Suzette geheescht.

RTL

© Pixabay

De Charpentier huet nom Café de Paris beim Auguste Escoffier geschafft, deen déi franséisch Haute Cuisine matgepräägt huet. Duerno ass de Charpentier souguer Kach vum John D. Rockefeller ginn.

Aner Quellen wëllen wëssen, dass d'Suzette eng vun den 18 Hären hir Duechter soll gewiescht sinn, déi deemools am Café de Paris waren an d'Crêpe servéiert kruten.

Nach eng aner Geschicht seet, dass se no enger Actrice benannt gouf, déi all Owend op der Bühn vun der Comédie-Francaise huet missen Crêpes iessen.

Och haut gëtt d'Crêpes Suzette an de Restauranten dacks nach um Dësch bei de Leit flambéiert. Hoffentlech ouni Mëssgeschéck wéi deemools.