Zanter Juni dësem Joer gëtt et de Nutri-Score och fir Lëtzebuerger Produzenten. Dat ass eng eenheetlech Bewäertung vun fäerdege Produiten, a soll virun allem eis als Konsumenten op e Bléck weise wéi eng Produite gesond a manner gesond sinn. 

19/07/2021 Wat stécht hannert dem Nutri-Score?

Et kann een et sech wéi eng Wo virstellen, Proteinnen, Fiberen, Uebst, Geméis an Nëss loossen de Feil op der Wo no lénks an de grénge Beräich sprangen. All déi manner gutt Saache wéi ongesiedegt Fettsaieren, Zocker, Salz a Kalorien drécken de Feil an déi rout Richtung. Alles wat an engem Produit dran ass, geet mat op déi Wo an do wou de Feil stoe bleift, dat ass den Nutri-Score fir dat Liewensmëttel. Woubäi den "A" ganz gutt an "E" déi lescht Kategorie ass. Mam Bild vun der Wo schafft och de Konsumenteschutzministère, zanter Ufanks dës Mounts leeft nämlech eng Campagne fir de Nutri-Score de Leit méi no ze bréngen. Jeanette Muller, Responsabel fir de Projet Nutri-Score. Jeanette Muller: Den Nutri-Score soll fir d'éischt emol eng Opmierksamkeet op d'Valeur Nutritionnelle riichten. Et soll och dem Konsument et vereinfachen, d'Valeuren ze verstoen. An da soll en och haaptsächlech benotzt ginn, fir Liewensmëttel aus enger selwechter Kategorie mateneen ze vergläichen. Fir, dass e Konsument einfach a schnell gesäit, hei dat doe Liewensmëttel, dat ass elo méi favorabel, fir meng Ernärung wéi en anert Liewensmëttel.

Gerechent gëtt den Nutri-Score mat Hëllef vun engem Algorithmus, deen d'Rezepter analyséiert. Géif et awer eng Kéier Zweiwel un deene Klasséierunge ginn, gëtt et ëmmer nach e wëssenschaftleche Kommitee, deen d'Evaluatioun vun de Produiten upasse kann. De Score soll awer net als eenzege Krittär ugesi ginn. Verschidden Zousazstoffer ginn zum Beispill net mat agerechent.

Jeanette Muller: Op deene Liewensmëttel, wou den Nutri-Score ass, ass och ëmmer en Tableau mat de Valeur nutritionnellen an do steet dann dran, wéi vill Gramm Fett, wéi vill Gramm Zocker, wéi vill Energie, genee am Liewensmëttel sinn op 100 Gramm. Dann gëtt et nach eng Liste des Ingrediente mat den Inhaltsstoffer, eng Lëscht an do steet och dran, wat alles an deem Liewensmëttel dran ass. De Nutri-Score ass eben eng zousätzlech Informatioun, wou en eng Gesamevaluatioun do dovunner mécht.

Esou kann ee Produiten aus der eegener Kategorie matenee vergläichen. Wann een zum Beispill zwee Müslien beim Akaf an der Hand huet, misst een dann net zwee mol déi ganz Etikette liesen, mee kéint mat Hëllef vum Nutri-Score op ee Bléck gesinn, wat dovunner déi gesond Alternativ ass. Produiten, déi aus dem Ausland kommen, hunn dee scho laang. A Frankräich gëtt et déi faarweg Etikett schonn zanter 2017. Dofir dierft e ville Leit och hei am Land bekannt sinn. Zu Lëtzebuerg ginn et bis elo eng Hallef Dose Produzenten, déi de Nutri-Score ugefrot hunn. Deen ass den Ament fräiwëlleg, en aneren Objektiv vum Score ass et awer allgemeng méi gesond Produiten op de Marché ze kréien.

Jeanette Muller: An den Nutri-Score soll och e bëssen d'Produzenten ureege fir besser Recetten ze maachen, fir vläicht manner Fett dran ze maachen, manner Salz dran ze maachen an fir vläicht méi Uebst a Geméis dran ze maachen oder méi Fiberen. Jo fir, dass de Produzent duerch déi Evaluatioun bësse gekëddelt gëtt seng Recetten do ze adaptéieren.

E weidere Virdeel vum Nutri-Score ass, dass een eng eenheetlech Bewäertung ass, et gëtt ëmmer op 100 Gramm gemooss an ass iwwerall d'selwecht. Dat kann engem am Supermarché den Akaf erliichteren. Et sief dann et kuckt een op déi Saachen a keeft net einfach no Lauscht a Laun.