An eiser Summerserie "Carbonara a Co." hu mer iech schonn erklärt wou den Ursprong bei der Pizza Margherita, dem Kaiserschmarrn an dem Caesar Salad läit fir nëmmen déi ze nennen. Haut erzielt de Raoul Roos net d'Geschicht vun engem Plat, mä enger Zooss.

02/08/2021 Carbonara a Co. - Sauce Béarnaise

Virun allem déi franséisch Kichen ass jo bekannt fir hir Zoossen. D'Sauce Béarnaise fält an d'Kategorie vun de Klassiker. Et gëllt als sécher dass den Numm op d'Regioun Béarn zréckgeet. Geschriwwen Béarn, am Südweste vu Frankräich.

De franséische Kinnek Henri IV ass vun do, grad wéi och de Chefkach Jules Collinet.

RTL

© Pixabay

An den 1830er Joren huet de Collinet a sengem Restaurant zu Saint-Germain-en-Layenahe bei Paräis dës Zooss eng éischte Kéier präparéiert. Entweder huet de Collinet d'Zooss no senger Heemecht benannt oder nom Henri IV, deen och nach "Le Grand Béarnais" genannt gouf. An deem senger Residenz hat de Collinet mol säi Restaurant.

Fir eng Sauce Béarnaise brauch ee Botter, Eegiel, wäisse Wäin, Estragonesseg, Schalotten, Estragon, Kierwel a Peffer.

A la base ass d'Béarnaise eng Sauce Hollandaise. Den Estragon gëtt hir dee spezielle Goût.

RTL

© Pixabay

Der Sauce Hollandaise hiren Numm geet zréck op de gudde Ruff deen den hollännesche Botter a Frankräich hat.

Iwwerdeems een d'Hollandaise éischter bei de Spargelen ësst, passt d'Béarnaise éischter bei gegrillte Fleesch.