Mir sinn dës ganz Woch laanscht d’Musel ënnerwee, a maache mer haut Statioun bei der Pärel vun der Musel, an do, zu Réimech hunn d’Schëffer eng laang Traditioun. Eisen Summer Reporter interesséiert sech haut emol fir d’Éischt fir déi néi kléng Elektro Booter, déi een och ouni Führerschäin däerf fueren.

20072021RTLSummerReporter Musel Remich Radio

Zanter Generatiounen fueren se an der Famille vum Dan Kiefer mat de Schëffer op der schéiner Musel. Vu Réimech aus erop oder erof, d’Wäistrooss erliewen.
Déi kléng Elektro Booter si ganz néi zu Réimech, hei ka jiddereen, och ouni Führerschäin drop fueren, an di flott Landschaft genéissen.

Déi grouss Schëffer kënnt der villäicht schonn, dat lëscht Joer koum elo d’Peniche Vintage dobäi, wou et vill ze entdecken an ze schmaache gëtt.

Mir maachen eng Visitt op dem Schëff zesummen mam Kapitän, an dierfen esouguer mat an d’Steier Kabinn, wou mer alles erkläert kruten.

Natierlech schwätze mer och iwwert déi méi grouss Schëffer a wat et do esou alles ze entdecken gëtt a klammen och mam Kapitän an seng Steier-Kabinn, dat an eisen Webreportagen. Hei kritt der och flott Fotoen vun der Musel an d’Linken, alles op radio.rtl.lu

20072021RTLSummerReporter Musel Remich Web01
RTL
20072021RTLSummerReporter Musel Remich Web02 am Scheff
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL