Wann der vu Gréiwemaacher aus eran an d’Miselerland fuert da kommt der op Manternach, an do matten am Duerf fann der de Haff A Wiewesch, de komplett zu engem spannenden Natur Schutz Zentrum ëmgebaut gouff.

Den RTL Summer Reporter weist iech haut, wou sech Kléng a Grouss richteg gutt kënnen informéieren ier se do an di schéi Géigend trëppele ginn.

21072021RTLSummerReporter Musel aWiewesch NaturHaff Radio

De Luc Roeder ass net nëmme Fierschter zu Manternach, mee och Responsabel fir e vun de 5 groussen Natur Schutz Zentre bei eis am Land, donieft ginn et de Biodiversum zu Rëmerschen, de Bësch an Natur Zenter zu Buerfelt um Stau, den Ellergronn zu Esch Uelzecht an de Centre Mirador zu Stengefort.
Haut entdecke mer A Wiewesch zu Manternach, en traditionelle Bauerenhaff aus dem Joer 1887 am Zentrum vun der Uertschaft, den zu engem Erliefnis Zentrum fir jiddereen ausgebaut gouf.

Hei däerf ee villes kucken, upaken an entdecken a villes op eng spilleresch Aart a Weis léieren.

De Manternacher Fiels mat senger villfälteger Bio-Diversitéit wéist wéi spannend d’Natur zu Lëtzebuerg ka sinn.

Hei vum Haff ginn och vill flott Aktivitéiten organiséiert, d’Equippe vum A Wiewesch Natur Zentrum proposéiert Iech iwwert dat ganzt Joer Aktivitéite ronderëm d’Theme Bio-Diversitéit an Nohaltegkeet.

Am Oktober gëtt hei esouguer aus de frëschen Äppel op der Plaz Viz produzéiert.

Och d’Zesumme Spill vun Naturschutz a Landwirtschaft gëtt hei enger interaktiver Ausstellung gewisen.

Um Programm vun der Equipe zu Manternach steet zum Beispill och eng Vollmound Wanderung. 

Wann der nach méi wëllt iwwert d’Aktivitéiten an de Programm vum Haff gewuer ginn, da gitt kucken a lauschtert no op radio.rtl.lu

21072021RTLSummerReporter Musel aWiewesch NaturHaff Web


RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL