Zu Stadbriedemes gëtt et kee Joer ouni Piccadilly. Fir di lëscht Etappe vun dëser Woch op der Musel, huet den RTL Summer Reporter d’Leit vum Comité zesumme getrommelt, fir de Piccadilly on Tour offiziell ze lancéieren.

23/07/2021 De Start vum Piccadilly on Tour 2021- De Reportage vum Radio

Ganz nom Motto: "dir kënnt des Joer net bei eis, da komme mir bei iech", maache mir eis mat eise Partner wärend 3 Weekender mam Picadilly Bus ob de Wee quer duerch d'Lëtzebuerger Land mat Halt a 17 Uertschaften.

Och dëst Joer geet de Piccadilly vu Stadbriedemes aus erëm op den Tour.

Ganz nom Motto: "dir kënnt des Joer net bei eis, da komme mir bei iech", maachen se sech wärend 3 Weekender mam Picadilly Bus ob de Wee queer duerch d'Lëtzebuerger Land mat Halt a 17 Uertschaften.

D’Steff, de Nico an de Mich aus dem Comité erzielen eis wat dëst Joer um Tour esou leeft, wien alles matfiert, wéi eng Statiounen um Programm stinn, a wat alles op der Platz gebuede gëtt

Op all Halt kënnt dir Lëtzebuerger Wäiner, Cremant'en a Picadilly schmaachen a mathuelen, dobäi ginn och Burger vum Foodrider proposéiert.

Donieft kënnt der och beim Picadilly online an um Tour matmaachen, a flott Kaddoe gewannen.

Falls de elo net alles matkritt hutt, de komplette Programm vum Piccadilly on Tour 2021 fannt der iwwert de link. 

RTL
RTL
RTL