Wéi bezuelt dir dann am léifsten? Alles mat Kaart oder ass et iech léiwer Suen och wierklech an der Hand ze hunn? Zanter iwwer 50 Joer ginn et elo scho Bancomaten, wou ee 24 Stonnen, 7 Deeg op 7 Suen ophiewe kann, onofhängeg vun all Büroszäiten. Mee iwwert déi lescht Joren gëtt Boergeld allgemeng ëmmer manner benotzt.Wat heescht dat fir d'Bancomaten hei am Land?

26/07/2021 Manner Bancomaten?

Eng Kéier d'Kaart kuerz bei d'Maschinn gehalen an schonn ass bezuelt. Oder séier iwwert de Smartphone mat puer Klicks Suen iwwerwisen. Geld ausginn war nach ni méi einfach an onkomplizéiert. Eriwwer sinn déi Zäiten, wou een ugefaangen huet fir all Akaf mat Mënz ze piddelen. Op d'mannst soen dat d'Zuelen. Virun allem wärend der Pandemie ass de Gebrauch vu Boergeld zréckgaangen. Den Yves Maas vun der Lëtzebuerger Banken Associatioun seet, datt d´lescht Joer 25 Prozent manner Retraiten u Bancomaten gemaach goufen.Yves Maas An ech mengen eng Tendenz, déi sech extrem accentuéiert an acceleréiert huet an der Pandemie. Déi awer schonn virun der Pandemie do war. Déi mir och schonn 2019 virun der Pandemie haten. Eng Baisse vun iwwer 10 Prozent wat Retraite vu Boergeld ubelaangt. Dat heescht mir sinn an enger Situatioun, wou vill méi Kaarte benotzt ginn. Par Rapport zu fréier, och bei klenge Paiementer sief et Digicash oder d'Bancomatskaart, déi och ka fir alles an de Geschäfter ka benotzt ginn. Dat féiert dozou, dass dann och vill manner Boergeld a Zirkulatioun ass an och benotzt ginn.


An dat kann Auswierkungen op d'Unzuel vu Bancomaten hunn. Wéi a wou sou ee hikënnt, hänkt vun e puer Facteuren of. An een dovunner ass awer och, wéi heefeg en iwwerhaapt benotzt gëtt.

Yves Maas Also d'Decisioun läit jo mat Sécherheet ëmmer bei der individueller Bank, wou si hir Bankautomate placéieren. Et ass kloer, dass déi, déi Infrastruktur vun Bankautomaten, déi ass extrem kostspieleg. An do gëtt och natierlech bei de Banke gekuckt, wéi si benotzt ginn. A wéi vill Leit d'Bankautomaten dann och effektiv benotzen. Fir Decisiounen ze treffen fir ze kucken ob déi Bankautomaten do nach richteg placéiert sinn.

2020 wären et eng 594 Geldautomaten am Land ginn. Zwee Joer virdrun nach zwee méi, 2017 dofir awer och just 578. Et gi keng Reegelen, déi enger Bank virschreiwen wou en Automat hei am Land hikënnt, wou e wech geholl oder deplacéiert gëtt. Eng Roll spillt bei der Decisioun awer och d´Sécherheet. D´Kriminalitéit wat d´Attacken op Bancomate betrëfft, ass an deene leschten Joren an d´Luucht gaangen. Zanter Mäerz 2018 sinn zum Beispill 9 Bancomaten eleng hei am Land gesprengt ginn.

Yves Maas Mee et gëtt schonn e ganz groussen Sécherheetsdispositif, deen do ronderëm benotzt gëtt. Fir, dass déi Bancomaten och eng gewësse Sécherheet fir jiddereen do kënne bidden. An och fir déi Leit, déi eragi fir déi Suen opzehiewen.

A fir jiddereen, deen an der Géigend wunnt. Dobäi kënnt, dass parallel zu manner Boergeld, den Online Banking an d'Luucht geet.

Yves Maas: Da gesi mir och, dass E-Banking vill méi benotzt gëtt, wéi dat an der Vergaangenheet war. Sou, dass mir och eng gewësse Kompensatioun kréien, nieft deem bezuelen vun de Kaarten an de Geschäfter, vu gewësse Rechnungen, déi dann iwwer E-Banking bezuelt ginn. 

6-7 Prozent méi Transferte wären d'lescht Joer iwwert den Online Banking gemaach gi wéi nach dat Joer virdrun, esou d´Zuele vun der Bankenassociatioun. Et kann also sinn, dass et eng Kéier manner Bancomaten zu Lëtzebuerg ginn, well d'Nofro méi kleng gëtt. A Länner wéi Finnland, Holland a Schweden ass dat schonn de Fall. Do gëtt nach vill manner mat Boergeld bezuelt, deementspriechend hu si och mat déi mannste Bancomate pro Awunner an Europa. Dat ergëtt eng Etüd vu Statista vun 2015.

A Lëtzebuerg louch do knapps ënnert dem EU-Duerchschnëtt. Déi meeschte Bancomate pro Awunner hätt deemno Éisträich gehat.