Si sinn op Instagram, Youtube an TikTok ënnerwee, hale Produiten an eng Kamera a verdéngen sou richteg vill Suen. Kéint een op alle Fall mol mengen, wann een iwwert de Beruff Influencer schwätzt. Net jidderee kann awer dovunner liewen, well och do kritt een näischt geschenkt. Och keng Steieren, mee wéi ass dat iwwerhaapt wann ee seng Sue mat Social Media verdéngt? 

28/07/2021 Och Influencer bezuele Steieren

Wann de Christiano Ronaldo, den Ament déi Persoun mat deene meeschte Follower op Instagram, sech e Post bezuele léisst, da kann dat scho mol 1,2 Milliounen Euro kaschten. Dat op dmannst Informatioune vum The Guardian no. Eleng mat Instagram géif hie 40 Milliounen Dollar d'Joer verdéngen. Kloer, net jiddereen huet déi Reechwäit wéi de Futtballspiller. Mee och vill aner Leit hunn sech dat zum Beruff gemaach oder maachen et nieft der eigentlecher Beschäftegung. An do mécht et schonn een Ënnerscheed wéi vill een domadder verdéngt. De Steierberoder Paul Diederech huet selwer Influencer als Clienten. Paul Diederich: Fir elo kleng Revenuen, all déi Influencer,déi elo kee grousse Chiffre d'Affaire realiséieren, do muss een och keng Autorisation de Commerce hunn. Do muss ee sech net zousätzlech bei der Securité Sociale umellen, oder beim Enregistrement fir TVA Zwecker.

Ab engem Chiffre d'Affaire vu 35 000 Euro d'Joer gesäit dat awer anescht aus.

Paul Diederich: Ab 35 000 Euro muss een och op déi verschidde Servicer, déi ee leescht, TVA dropschloen. A beim Centre Commun de la Securité Social déi hannerleeën, awer och de Revenue supplémentaire, deen ee verdéngt, och wann een normal enger Aarbecht nogeet. Wann deen zousätzleche Revenue 8.800 depasséiert. Dann huet de Centre Commun och d'Urecht fir een als Independant unzemellen. An dorobber dann och d´Soziallaaschten ze verrechnen.

Ëmmer déi neiste Kleeder, opreegend Reesen a Luxusprouiten geschenkt fir just e puer Fotoen. Do kéint ee jo mengen, et wär den einfachste Job vun der Welt. Mee och do ass d'Geschäft alles anescht wei einfach, déi meescht kënne vu Social Media eleng net liewen. D´Analyseplattform HypeAuditor huet iwwer 1 000 Influencer befrot. Just 4 Prozent konnten iwwerhaapt vun hirem Instagram liewen. Ronn d'Hallschent huet nach guer näischt mat hirer Aarbecht verdéngt. Dacks ginn si och guer net mat Sue bezuelt, mee mat Produiten. An do fänkt et u komplizéiert ze ginn, op d'mannst aus steierlecher Sicht.

Paul Diederich: Wann een elo eng Rees zum Beispill gewënnt. Do ginn et bei de Reeskäschten nu mol de Prix catalogue, do huet een awer och heiansdo mol Promotiounen an extra Offeren, déi deelweis da wäit ënner dem ursprénglech annoncéierte Präis leien. Mat gewësse Produits de luxe ass et genee esou, eng Posch, déi vläicht virun 3 Joer 3 000 Euro Wäert hatt, gëtt haut deemno wéi liquidéiert mat 70 Prozent Reduktioun a vun dohier ass et net ëmmer evident fir ze soen, déi Saachen, déi een erhält, hunn deen tatsächlechen Neiwäert oder Katalogpräis.

Esou Produite ginn dacks vun Entreprisen zur Verfügung gestallt an am Géigenzuch ginn hir Produite recommandéiert a promovéiert. An Däitschland geet de Bundesverband fir digital Wirtschaft dovunner aus, dass all 5. Awunner schonn eng Kéier ee Produit kaaft huet, deen him vun engem Influencer recommandéiert gouf. Am Prinzip gëllen all déi Reegelen net just fir Influencer, och normal Leit mussen dat uginn, wann si nieft hirer Paie nach aner Saache kréien.

Paul Diederich: Am allgemengen ass et amfong esou, all déi Revenuen, déi occasionnell sinn a keen héije Montant iwwerschreiden, dat wäre 500 Euro, muss een net uginn. Allerdéngs alles wat amfong reegelméisseg ëmmer rageet, eventuell och vertraglech gereegelt sinn. Do muss een dat dann och uginn, ënner Revenue divers.

Dorënner falen iwwregens och Leasingsautoen, Vakanzewunnengen oder Tankkaarten.