Net nëmme Museker ginn op déi Platz fir do an der puerer Natur e Concert ze spillen, och den RTL Summer Reporter gouf vum O.R.T. Éislek op den Houfels zu Bauschelt invitéiert, fir eis do déi spannend Éislek App ze erklären.

21072021RTLSummerReporter UewerSauer-EislekApp Radio

Matten am Bësch treffe mer d’Léinie Schreiner vum O.R.T. Éislek. Den Houfels ass di ideal Platz fir eis di flott Éislek App ze erklären.
E prakteschen Outil fir sech richteg gutt am Éislek erëm ze fannen, Natur Puer, mat deenen interessantste Wander Weeër, an engem virtuelle Fierschter, den Iech déi schéinste Platzen erkläert an d’Natur méi no bréngt.

Dir kënnt de Fierschter, Serge Helmes, och perséinlech treffen, bei engem Besuch am Naturschutz Zenter Burfelt, mat sengen didakteschen Ausstellungen an Aktivitéite ronderëm de Bësch, an dat fir Grouss a Kléng.

Op 70 Meter Héicht iwwert dem Stau ass d’Panorama Plattform "Belvédère" e spannend Landschafts Erliefnes.

Dëst, a vill aner flott Tipps vun den Expert’en kritt der mat der Éislek App, dir kënnt och är léifste Platzen, Evenementer, Weeër oder Restaurant’en of späicheren an esou äre ganze perséinlechen Ausflug an d’Éislek richteg gutt plangen.

Méi Natur Puer, Wonnerschéi Fotoen, an wou der déi praktesch Éislek App kritt, fannt der alles op radio.rtl.lu

21072021RTLSummerReporter UewerSauer-EislekApp Web
RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Vénissia Kay

RTL

© Vénissia Kay

RTL

© Vénissia Kay

RTL

© Vénissia Kay

RTL

© Vénissia Kay

RTL

© Vénissia Kay