Wat virun e puer Joer als Séibühn ugefaangen huet, huet sech zum Water Walls Festival un der Uewersauer entwéckelt. De ganze Summer kënnt der ronderëm déi verschidden Stau Maueren aussergewéinlech Konscht Installatiounen entdecken, awer och innovativ Live Performancen erliewen.

21072021RTLSummerReporter UewerSauer-WaterWalls Radio

Mam néien Thema „Natural Borders“ hunn e Jury vun Expert’en zesumme mam Séverine Zimmer a senger Equipe, en zäitgenësseschen, interaktiven, attraktiven an nohaltege Programm zesummegestallt, ëmmer am Aklang mat der Natur.
Nieft der grousser Staumauer, déi der all kënnt, fënnt een laanscht d’Sauer nach 5 méi kléng Maueren, déi de Programm an d’Konscht inspiréiert hunn.

Déi verschidde Konscht Installatiounen, bannen d’Natur an de Mënsch mat an a begleeden d’Visiteure bis an de September.

Aussergewéinlech Performancen aus Theater, Musek, Gesang an Liesungen op ganz spezielle Platze weisen déi vill Facettë vum Festival, den och de Public mat abezitt.

Méi Informatiounen iwwert dës éischt Editioun vum Water Walls Festival ronderëm Esch Sauer, kritt der an Toun, Bild a mam Link bei de kompletten Programm op radio.rtl.lu

An déi nächst Woch wandere mer dann mam RTL-Summer Reporter duerch de schéine Mëllerdall 

21072021RTLSummerReporter UewerSauer-WaterWalls Programme
RTL
RTL
RTL

© Pol Linden

RTL

© Serge Ecker

RTL

© Pol Linden