Nach bis Enn August organiséiert Natur & Ëmwelt mat senge Partner d'Campagne "En Dag an der Natur", fir de Leit d'Méiglechkeet ze ginn d'Landschaft heiheem, d'Déieren an d'Planzewelt op eng ganz spannend a lieweg Aart besser kennenzeléieren an se esou och ze schützen. D'Michèle Schons pléckt iech all Woch e puer spannend Saachen aus dem Programm eraus.

02/08/2021 En Dag an der Natur 02.-08. August

Mettwoch 04.08

Dëse Mëttwoch schléit vu 5 bis 7 Auer de Gong am Bësch zu Stengefort. D'Gongbad erméiglecht iech déif z'entspanen, sech vu Stress lasszeléisen an invitéiert op eng Rees no bannen. Macht iech et bequem, maacht d'Aen zou a loosst iech vun de Klangwelten an de Geräischer vun der Natur mathuelen.

Naturschutzzentrum Mirador - Kontakt: 24 75 65 41, mirador@anf.etat.lu

RTL

© pixabay

Donneschdeg 05.08

Den Naturschutzzentrum a Wiewesch invirtéiert dësen Donneschdeg um 5 Auer op hir Ausstellung zum Thema Naturschutz a Landwiertschaft an dono geet et bei d'Ieselen.

Naturschutzzentrum A Wiewesch - Kontakt: 26 71 67 1, awiewesch@anf.etat.lu

RTL

© pixabay

Freideg 06.08

D'Amicale des Marcheurs an de Syndicat vu Käl organiséieren de Freideg den Owend um hallwer 7 eng guidéiert Wanderung iwwert de Perches-, Hessel- a Quäschebierg. De Rendez-vous ass zu Téiteng bei der Schungfabrik.

AMK/SITK - Kontakt: Paul de Jager, 621 796 739,  danaout@amk.celobrio.lu

Samschdeg 07.08

Mat sengen impressionnante Fielsformatiounen a Kultuhirtoresche Plazen huet d'Naturschutzgebitt Syrdall vill ze bidden: E Bësch voller Schluchten, Streeuebstwisen, Wéngertterrassen, esou wéi och impressionant Vuen, a wann der fest Schongwierk undot, kënnt der e Samschdeg gäre bei der Wanderung duerch dës schéi Landschaft mat derbäi sinn.

De Rendezvous ass um 2 Auer beim Naturschutzzentrum a Wiewesch.

RTL

© pixabay

Wie gäre ganz fréi um Dill ass, dee ka bei der Morgengrauenwanderung matgoen, déi vun der Amicale des Marcheurs an dem Syndicat vu Käl dëse Samschdeg organiséiert gëtt. Den Depart ass um 5 Auer bei der Schongfabrick zu Téiteng.

Och um 9 Auer Moies a Mëttes um 4 sinn nach 2 Wanderungen, déi iwwert de Perches-, Hessel a Quäschebierg ginn.

AMK/SITKKontakt: Paul de Jager, 621 796 739,  danaout@amk.celobrio.lu

Sonndeg 08.08

Strecke vu 5, 10, oder och 20 km stinn dëse Sonndeg bei der Wanderung am Ellergronn um Programm, Depart ass tëscht 7 an 2 Auer beim Centre d'Accueil Ellergronn. An Um hallwer 10 ass dann och do den Depart vun der Marche op de Spuere vun de Seelbunnen déi d'Eisenerz transportéiert hunn, wou een nach vill vun deenen Tierm vun der Seelbunn entdecke kann. Et invitéiert d'Entente Fräizäit Roude Léiw.

Kontakt: André Rosa, 24 75 65 16,  ellergronn@anf.etat.lu

Keltesch Geschichte vun onsiichtbaren Elfen a Feeën a geheimnisvolle Bëschfraen, eng Aktivitéit fir Familljen, wou een och e Picknick matbrénge soll, ginn et dann e Sonndeg och am Biodiversum zu Rëmerschen, lass geet et Owes um 6 Auer.

Kontakt: Muriel Nossem, 24 75 65 31,  biodiversum@anf.etat.lu