Wéi laang waarde mer elo schonn op e richtege Summer? Sonn pur, keng Wolleken, kee Reen an Temperaturen esou ëm 25°C?

30/07/2021 Meteo fir de Weekend

Do musse mer nach eng Zäitche Gedold hunn.

D'Situatioun ass déi heiten: mir leien tëscht engem D iwwert Skandinavien an engem Héich iwwert dem Atlantik an do dertëscht fléisst dann déi méi fiicht net all ze waarm Loft bei eis. Et ass leider näischt stabilles an Vue. Do bleift da just eng Vakanz ze buchen wann ee gär an d'Sonn brutschele geet..

Sinn aktuell dann net d'Hondsdeeg?
D'Hondsdeeg sinn ëmmer vum 23. Juli bis den 23. August.Traditionell heescht dat datt et déi hëtzegst Deeg vum Joer solle sinn.
Aus astronomescher Siicht fänken d'Hondsdeeg mat deem éischten siichtbaren Opgang vum Haaptstär Sirius vum Stärebild vum Groussen Hond. Also d'Hondsdeeg sollen déi wäermsten Zäit vum Joer markéieren. Dëst Joer ass dat awer alt erëm net de Fall.
Haut koume mer wuel laanscht d'Musel op 27°C mee déi nächst Deeg ass et domat erëm eriwwer..

Op wat musse mer eis astellen?
De Weekend annoncéiert sech net esou schlecht..(mir ginn eis jo schonn mat wéineg zefridden)..
Sonn a Wolleken am Wiessel, géint der Owend hei an do awer mol eng Schauer bei esou 22-23°C.
Déi nei Woch réckelt dat Déif ëmmer méi no an et gëtt méi naass.
Sonn, Wolleken, Schaueren, vläicht ee kuerzt Donnerwieder..