E Steen ass net gläich e Steen, ier een sech am Natur a Geopark Mëllerdall op den Tour mëscht, sollt een sech eis Steng Schichten emol méi genee ukucken. Den RTL Summer Reporter trëfft haut an der Expo zu Beefort eng Geografin déi eis weist wat d’Steng eis alles verzielen.

03082021RTLSummerReporter MellerDall-GeoExpo Radio

Am Zentrum vu Beefort, am ale Gebai vun der Jugendherberg, fënnt en des fonkelnei Ausstellung iwwert d’Geologie an d’Geographie vum Natur a Geo Park Mëllerdall.

D’Geografin Birgit Kauf, hëlt eis mat an hir Ausstellung, an erkläert eis op der Base vun deene Steng am Detail wéi eis Kulturlandschaft am Laf vun de Millioune Joren entstanen ass.

Duerch déi vill interaktiv Installatiounen, kënne Grouss a Kléng Visiteure mat den eegenen Hänn Landschafte formen, et Reene loossen, Fielse beweegen an eng spannend Visitt an allen Ecke vum Mëllerdall richteg plangen.

An der Wall off Geo Parks, gi Steng aus der ganzer Welt zesumme gedroen fir de Leit ze weisen, wéi verschidden déi eenzel Landschaften opgebaut sinn. Esou en Netz Wierk ass wichteg fir d’Unesco Kandidatur vum Geo Park.

Méi iwwert d‘Geo-Expo kritt der an Toun a Bild op radio.rtl.lu, hei kritt der och méi Detailer an de Link fir op Beefort an dës interaktiv Ausstellung.

03082021RTLSummerReporter MellerDall-GeoExpo Web
RTL

© Claude Petit

RTL

© Claude Petit

RTL

© Claude Petit