Vakanz op der Plage ass flott, ma muncher een brauch awer nach e bësse méi Action während dem Congé. Sou geet et och dem Liz Vanrijswijck an dem Christophe Diederich. 1100 Kilometer an 2 Wochen, dat ganzt och nach fir de gudden Zweck. De Loïc Juchem huet mat hinnen op hirem Roudag geschwat.

27082021 Mam Velo ennerwee fir de gudden Zweck

D'Iddi koum deenen Zwee eigentlech, well dem Christophe seng Schwëster an der Toskana bestuet gëtt. An dunn hunn si sech geduecht, datt een do jo och mam Vëlo kann hifueren. Ugangs huet een einfach mol gekuckt wéi weit, datt et ass an dunn huet d'Liz ugefaange mat plangen. Eigentlech plangt een awer ëmmer nëmmen Dag fir Dag.

Liz Vanrijswijck:
Mir kucke vun engem Dag op deen anere wei mer fueren. Mir wëssen nämlech net wéi et mat eise Been ausgesäit an dat ass jo och dat Flottst un sou enger Rees. Et weess e guer net wou een den Dag drop ass, et kann een sech einfach goe loossen. Wann et schéin op enger Plaz ass kann een do och mol 2 Deeg bleiwen a wann et net sou flott ass, da fiert een ebe méi séier.

Bis ewell wier een och gutt am Zäitplang. De Gotthard Pass war bis dato de sauersten Deel.

Liz Vanrijswijck a Christophe Diederich:
Dat sinn awer 35 Kilometer bierg op. E leit och op 2000 Meter, do ass d'Loft dann och méi dënn, et kritt ee manner gutt Loft.

Super Wieder hat ee bis ewell an d'Mëttespaus gëtt ëmmer gemittlech op enger Terrasse gemaach an da geet et weider. Et ass eng sportlech Erausfuerderung, wou et heiansdo och net sou einfach zesummen ass.

Liz Vanrijswijck a Christophe Diederich:
Einfach ass et net, et motivéiert een sech wann ee klengen Down huet. Et kraazt een sech och heiansdo mol un. Et gesäit op de Biller ëmmer sou cool, schéin an harmonesch aus, mee hannert de Kulissen ass dat awer heiansdo anescht. Et ass een dacks midd an hongereg an da sprengt ee mol méi séier aus der Këscht.

Wien déi 2 Cycliste wëll ënnerstëtze kann och mol bis op Facebook op hirer Säit nokucken. Ënnert "Mam Vëlo an Italien" fënnt ee sämtlech Fotoen an do kann een dann och en Don fir d'Stroossenengelen ASBL maachen. Domat gi Leit ënnerstëtzt déi op der Strooss liewen. Den 3. September kënnt een un, dann huet een nach een Dag Zäit, fir sech prett ze maache fir op d'Hochzäit.

Liz Vanrijswijck:

Wat een awer muss soen, op sou enger Rees gesäit ee wierklech net gutt aus. Wann een Owes ukënnt, dann huet ee just eng Tenue dobäi fir unzedoen et huet ee mega Reefer ënnert den Aen, ech hunn elo e mega Herpes am Gesiicht. Et huet een alles wéih, et ass alles Wonn. Mir géingen elo net an de Stärerestaurant goen.

An sou Aktiounen mam Vëlo sinn och am Trend. De Lëtzebuerger Philippe Reuland, deen huet sech dozou decidéiert, fir bannent engem Joer 124 Stroossepäss an der Schwäiz mam Vëlo ze entdecken. Pro Pass deen e gemeeschtert huet wëll en ee Vëlo fir Kanner an Afrika spenden. Um Enn sinn et der 124.

RTL
RTL
RTL