Dir kennt all Episod vu Friends auswenneg? An och d'Harry Potter Bicher hutt der 5 mol gelies? Felicitatioun, da maacht der alles richteg... oder vläicht och net? Wat ass drun um Phenomen, dass een ëmmer nees déi selwecht Bicher oder Filmer consomméiert? D'Michèle Schons huet nogefrot.

09/09/2021 Firwat consomméiert een dacks déi selwecht Bicher a Filmer?

Ech hu mech och e bëssen derbäi erwëscht gefillt, wou ech dee Reportage hei gemaach hunn. Ëmmerhin war ech Back to the Future op mannst 5 mol an de Kino kucken, eng Serie hunn ech jee no deem wéi se mer gefall huet, och alt eng zweete Kéier gekuckt, an divers Bicher hunn ech och méi dacks gelies. Ma firwat ass dat esou? Eigentlech weess ee jo scho wat passéiert, also ass déi ganz Spannung souwisou fort? De Gilles Michaux Psychotherapeut vun den Hopitaux Robert Schuman erkläert:

Dat hänkt virun allem of wat fir eng Motivatioun hannert dem Bicher-liesen oder de Filmer-kucke steet, op een säi Wëssen erweideren an Neies kenneléiere wëllt, oder op et drëms geet, fir einfach ofzeschalten an d'Realitéit vum Alldag hannert sech ze loossen. Wann Ziel vum Liesen oder Kucken eng passiv Entspanung, oder eng Zort Escapismus ass, da kënne Bicher a Serien déi e scho kennt, eng liicht Ënnerhalung duerstellen, well d'Leit sech goe loosse kënnen, an d'Handlung jo scho kennen. Et geet dann einfach drëms an eng gutt Stëmmung ze kommen. An esou wéi ee Musek jo och e puermol lauschtert, kann engem e Film oder e Buch wat ee scho kennt och nees e positiivt Gefill vermëttelen.

RTL

© Pixabay

De Phenomen ass net nei, an och méi kleng Kanner hunn dacks e bestëmmtent Liblingsbuch wat se ëmmer nees gäre virgelies kréien. Dat läit dorunner dass se eng spezifesch Geschicht einfach immens gären hunn an et hinnen och ni langweileg gëtt. Mat der Musek ass et jo net anescht an nei Lidder gi souwisou réischt no der zweeter oder drëtte Kéier gutt.

Andeems een sech mat de Figuren am Buch oder am Film identifizéiert a matféiwert wéi d'Handlung weidergeet, baut en eng Relatioun zu sengen Helden op, och wann et déi Personnagen nëmmen an der Fantasie gëtt. Des parasozial Relatioune vermëttelen e Gefill vu Vertrautheet, wat e ganz normale Besoin ass, deen mat Serien an och Personnage bedéngt gëtt.

RTL

© Pixabay

Bicher a Filmer hu grad d'Potenzial fir een an nei Welten an nei Plazen z'entféieren, an och a vergaangen oder futuristesch Zäiten ze versetzen, fir dem Alldag z'entkommen. Wann ee Bicher liest oder Filmer kuckt, ass dat en emotionaalt Erliefnes, wou Emotioune wéi Spannung, Amusement, oder Verlaangeren opgebaut ginn, a wann een sech dorunner erënnert, kann dat duerchaus eng Motivatioun sinn fir sech et nach emol unzekucken. Trotzdeem bleift do awer dat schlecht Gefill vum Widderhuelungskonsum, de Gedanken net op ze sinn fir Neies, an ech riede mer an, dass et ass, well ech gewëssen Handlunge vläicht verpasst hunn...?

Ausser Schoul- a Fachbicher, liesen d'Leit net Bicher fir se besser ze memoriséieren, mee méi wéinst deem wat se doranner Gefillsméisseg beweegt huet, grad wann et em philosophesch Themen, Weltusiichten oder Wäerter geet, kann et sinn dass ee jee nodeems a wat fir enger Liewens- an Entwécklungsphase een ass, e bestëmmtent Buch mat neien Ae liesen an nei Siichtweisen doranner fanne kann. Opgrond vun de gesellschaftlechen a globale Verännerunge kënnen zum Beispill grad fréier Utopien ganz interessant sinn, fir vun Zäit zu Zäit nei ze liesen, an ze kucke, wéi aktuell dass se grad elo gi sinn.

RTL

© Fischer Verlag

 

Op mannst berouegt et ze wëssen, dass een net eleng mam Verhalen ass a fir Leit déi eng Serie dacks kucke, gëtt et neierdéngs den Ausdrock Comfort-Binge. An et ass jo Eppes drun, wann ee Friends aschalt an da mam Phoebe, Rachel, Chandler a Co kann zesummen op enger Couche sëtzen, oder?

Eng Iddi, déi och de Schrëftsteller Rolf Dobelli deelt, deen der Meenung ass, dass mer souwisou falsch liesen, an ze mann selektiv an net grëndlech genuch sinn. Wat ass de Sënn dovunner esou vill nei Bicher a Filmer ze consomméieren, wann um Enn näischt hänke bleift?