Haut geet e lass, den Tour de Luxembourg, guer net wäit ewech vun hei bei der Coque, dofir dréint sech och beim RTL Reporter dës Woch alles ronderëm de Vëlo. Fir unzefänke gi mer an de Pafendall op d‘Terrasse vun der Jugendherberge, an do freet den Dan Vinkowski no, wat et mam Label Bed and Bike op sech huet ?

14092021RTL-REPORTER VeloTourStadLetzebuerg BedandBike 6h40 Radio

Bei der Jugendherberge am Pafendall treffe mer de Jo Klein vu Pro Vëlo an de Peter Hengel, Direkter vun de Jugendherbergen zu Lëtzebuerg.
Den Jo erkläert eis mat wéi engem Vëlo hien ënnerwee ass, a wat e Betrib muss bidde fir de Label Bed and Bike vum Tourismus Ministère ze kréien.

De Peter Hengel erzielt eis wat si de Vëlos Fans an de Jugendherbergen ubidden.

Méi Informatiounen iwwert de Qualitéitslabel Bed and Bike vum Tourismus Ministère, gëtt et mat engem zweete Reportage an alle Linken op radio.rtl.lu, an der nächster Stonn, gi mer da gewuer, mat wéi engem Vëlo eisen Transportminister op d’Schaff fiert.

14092021RTL-REPORTER VeloTourStadLetzebuerg BedandBike 6h40 Web 02
RTL

© Dan Vinkowski