Des ganz Woch leeft net nëmmen de Skoda Tour de Luxembourg, mee et ass och europäesch Mobilitéits Woch, dofir freet den RTL Reporter haut beim Transport Minister Francois Bausch no, mat wéi engem Vëlo hien dann op d’Schaff fiert, an dat op der Place de l’Europe direkt virum Héichhaus, Dan Vinkowski.

14092021RTL-REPORTER VeloTourStadLetzebuerg F-Bausch Radio 7h15

Et gi verschidde Ministeren am Héichhaus, a vill Leit vum Personal fuere gäre mam Vëlo op de Büro. Den Transport Minister Francois Bausch erkläert eis mat wéi engem Vëlo hei op d’Schaff fiert, och am Costume.

Am Keller vum Héichhaus gëtt et eng praktesch Vëlos Statioun, fir d’Vëlo’en vun de Mataarbechter ze versuergen an donieft och an der Réi ze halen.

De Vëlos Keller vum Héichhaus presentéiere mer Iech a Bild an Toun op radio.rtl.lu, hei kritt der och déi passend Linken.

14092021RTL-REPORTER VeloTourStadLetzebuerg F-Bausch WebReportage 7h15
RTL

© Dan Vinkowski

RTL

© Dany Franck

RTL

© Dany Franck

RTL

© Dany Franck