1971 huet alles mat engem klenge Fëscherboot ugefaangen, elo mécht Greenpeace an iwwer 150 Länner mat a setzt sech fir d'Emwelt an. D'ONG kritt de 15. September 50 Joer an d'Lea Schwartz huet mam Roger Spautz, dem Grënner vum Lëtzebuerger Sëtz dorop zréckgekuckt.

15/09/2021 50 Joer Greenpeace - E Réckbléck

Aus enger Handvoll Leit, déi deemools géint d'Atomtester an der Mierer viru Kanada protestéiert hunn, ass mëttlerweil eng Organisatioun ginn, déi weltwäit agéiert, honnerte Mataarbechter beschäftegt a mat hiren Aktioune scho méi wéi eng Kéier d'Opmierksamkeet op sech gezunn hunn. Elo steet virun allem de Klima an Ëmweltschutz op der Agenda, deemools ass et och ëm de Friede gaangen. De Numm Greenpeace, also grénge Fridde kënnt net vun näischt. Roger Spautz. Roger Spautz: Dat waren amfong och eng Rei Leit, déi géint de Vietnamkrich an de 60er Joren engagéiert waren. Déi Zäit war déi éischt Aktioun, déi Atomtester, déi d'Amerikaner virun der Kanadescher Küst gemaach hunn. Wat déi Zäit nach iwwerierdesch Tester waren. Dat heescht, dass d'Radioaktivitéit déi Zäit ganz wäit verdeelt ginn ass, engersäits ass et drëms gaangen, Atomtester déi zum Krich kënne bäidroen oder och agesat gi sinn zu Hiroshima an Nagasaki. Dat ass amfong wou d'Wuert Peace hierkomm ass. Anerersäits ass et och drëms gaangen, fir déi Ëmweltzerstéierung oder déi Risike fir d'Mënschen, déi mat den Tester zesummenhoungen.

Mam Schëff Rainbow Warrior sinn d'Protestaktiounen dunn weider gaangen. Géint Atomtester, d'Doutmaache vu Robben an d' Entsuerge vum Atomdreck ass protestéiert ginn. Déi Aarbecht ass elo 50 Joer drop vill méi komplex ginn.

Roger Spautz: Dat heescht et ass un 1,2 Theme geschafft ginn. Awer do sinn awer lues a lues aner Theme bäikomm wéi d'Verschmotzung vun de Mierer, d'Ofholzung vun de Reebëscher, Klimawandel, Nuklearenergie a sou weider. Also et si vill méi Theme wou mir drun schaffen.

D'Rainbow Warrior ass 1985, just e puer Joer no der Grënnung, ënnergaangen. Haut kann een d'Wrack iwwert dësen Internetsite virtuell besichen:

Schold un der Tragedie war de franséischen Noriichtendéngscht, si haten eng Bomm drop placéiert. Wéi déi lassgaangen ass, ass d'Schëff ënnergaangen an e 34 Joer ale Fotograf ass a senger Kabinn erdronk. Déi franséisch Regierung huet déi Dot spéider zouginn. Greenpeace ass eng pazifistesch Organisatioun an huet ëmmer friddlech demonstréiert, trotzdeem géifen si vu Geheimdéngschter iwwerwaacht ginn.

Roger Spautz: Bon, ech mengen et ass bekannt, dass am Frankräich nach ëmmer Greenpeace Aktivisten zimmlech streng iwwerwaacht ginn. Also wann ech elo nach kucken, haut ass en Transport mat Plutonium oder Plutonium Brennstief, déi vu Cherbourg bis a Japan fiert fir si do an een Atomkraaftwierk ze bréngen an ee Mataarbechter, deen zu Cherbourg wunnt, dee sur place war deen huet gesot, dass ee risegt Iwwerwaachungssystem do opgebaut ass wou déi Transport laanscht fuere fir och einfach ze kucke fir all Protest ze verhënneren.50 Joer Green

Net ëmmer sinn all d'Aktiounen och gutt ukomm. Rezent fält engem do de verongléckte Fallschiermsprénger wärend dem Lännermatch Däitschland géint Frankräich am Juni an. Hie wollt géint d'Atomkraaft demonstréieren, herno waren awer zwee Leit verletzt. Aner Aktioune vun deene vill geschwat gouf, sinn zum Beispill och den Abroch an d'Atomzentral vu Cattenom viru 4 Joer. 15 Aktiviste konnten deemools abriechen a souguer ee Freedefeier um Dag zünden, domadder wollten si op d'Sécherheetsmängel opmierksam maachen. Esou Optrëtter sinn awer just een Deel vun der Aarbecht, vill geschitt och vum Schreifdësch oder Telefon aus.

Roger Spautz: Déi Aarbecht ass relativ komplex, dat heescht wann een un engem Thema schafft, dann ass et engersäits mol, kucke wou de Probleem ass mat Wëssenschaftler zesummeschaffen, dass een déi richteg Argumenter huet, fir déi Probleemer richteg unzegoen. Fir eventuell erauszefanne wat d'Konsequenzen eventuell si vun enger Verschmotzung. Dann ass et och fir un d'Ëffentlechkeet ze goen. Et ass awer och vill politesch Aarbecht.

Och wann sech d'Aarbecht a verschidden Punkten an der Agenda geännert hunn. D'Thema Ëmwelt ass och haut nach esou aktuell wéi viru 50 Joer.