Demenz ass e Syndrom, dat dacks méi al Leit betrëfft an déi kognitiv Fäegkeete beaflosst. Eng vun deenen heefegste Forme vun der Demenz ass d'Alzheimer. Zu Lëtzebuerg hunn 7.600 Leit déi Krankheet. D'Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun rechent bis 2050 souguer mat 19.000 Betraffenen hei am Land. De Grond dofir ass ënner anerem eng Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt. Den 21.September ass de Welt-Alzheimer-Dag an dëst Joer ginn et direkt 3 Eventer am Virfeld vun dësem Dag. Wat do alles am Mount September geplangt ass, erzielt eis d'Lea Schwartz.

13/09/2021 Eventer fir Welt-Alzheimer-Dag

Et geet u mat engem Concert am Conservatoire an hält och mat engem Concert um Memory Walk op. Et sinn déi 3 Organisatiounen; d'Lëtzebuerger Alzheimer Organisatioun, d'Momenter intensiv Liewen asbl an den Info-Zenter Demenz, déi an deem Kader jeeweils en Event geplangt hunn. Den Denis Mancini vun der ALA erkläert, dass et drëms geet d'Leit mat an zebauen, mee awer och fir ze sensibiliséieren. Denis Mancini: Et ass wichteg, dass d'Leit nach kënnen un der Gesellschaft deelhuelen. Et läit een net ëmmer onbedéngt ënnert enger Demenzerkrankung, et kann ee mat enger Demenzerkrankung liewen. Natierlech ass dat ëmmer mat Contraintë verbonnen, dat heescht et ass net ëmmer einfach, mee do ginn et eng ganz Partie vun Servicer, wou een d'Leit kann ënnerstëtze respektiv si begleeden an hirer Krankheet an hinnen dat ginn, wat si dee Moment brauchen. Ganz wichteg ass et, dass mir si nach un der Gesellschaft kënnen deelhuele loossen.

D'MIL Asbl setzt sech ënner anerem fir d'kulturell Participatioun vun deene Betraffenen an. Esou gesäit dann och den éischten Event aus, deen am Kader vum internationalen Dag vun der Krankheet organiséiert gëtt. Am Conservatoire gëtt et dofir den 19. September e Concert vum Georges Urwald an eng Stee, wou e Bild vum Robi Gottlieb-Cahen verkaaft gëtt. Den Erléis geet un eng Equippe vun der Uni Lëtzebuerg fir iwwert Preventioun ze fuerschen. D'Thema vum Concert ass "Eng Rees duerch d'Zäit". Mat Lëtzebuerger Klassiker an awer och ganz bekannten internationalen Titele sollen d'Leit hir Vergaangenheet op d'mannst musikalesch opliewe loossen. D'Christine Mathonet vum Info-Zenter Demenz erkläert wéi d'Musek op d'Patiente wierke kann.

Christine Mathonet: Fir d'éischt ass Musek bekannt dofir als dee Kinnekswee fir Mënsche mat Demenz ze erreechen, fir mat hinnen a Kommunikatioun ze kommen. Jo, an hinnen ze begéinen. Et gesäit ee ganz dacks, dass Mënschen déi net méi kënne schwätzen, déi sech net méi kënnen ausdrécken. Dass wann si awer ee Lidd héieren aus hirer Kandheet, dass si dann awer och nees d'Wieder erëmfannen. An och een Text vu fir bis hannen nach emol kënne sangen.

Musek kéint een och als Bréck an déi eege Vergaangenheet gesinn. Fir de Weltdag organiséiert den Info-Zenter Demenz dann och eng Konferenz zum Thema Musek. Deen ass den 23. September mam Professor Theo Hartogh. Nach eng Kéier d'Christine Mathonet.

Christine Mathonet Mir wäerten an eiser Konferenz och e puer Beispiller weisen, déi ganz impressionant sinn. An den drëtten Aspekt ass deen vun der Participatioun. Wëll gemeinsam Musek maachen ass fir vill Mënsche mat Demenzen eng wierklech flott a positiv Aktioun, Aktivitéit. Déi hier Gesellegkeet an hiert Selbstwäertgefill och steigert.

Dat 3. a lescht Event fir de Weltdag ass de Memory Walk, de 25. September. Deen gëtt et elo schonn zanter 20 Joer. D'lescht Joer war e virtuell, dës Kéier leeft alles iwwert de Covid-Check. D'Iddi vun dësem Konzept kënnt aus den USA. De Memory Walk ass wéi den Numm et dann och seet en Tour. Deen geet duerch d'Stad a gëtt vun engem Guide begleet. Den Denis Mancini vun der ALA, dëst Joer ass et ënnert dem Thema "Genau Hikucken".

Denis Mancini: Mir hunn do all Joer eben en anert Thema an dat ass dëst Joer ebe genau hikucken. Net just d'Demenz un sech gesinn, mee och de Mënsch deen hannendrun stécht. E Mënsch mat enger Liewensgeschicht, deen och nach Wënsch huet, deen och nach gewësse Saache vläicht geplangt hat a sengem Liewen. Dat een elo muss ëmplangen, dofir ass et wichteg, dass mir do deem Mënschen déi Méiglechkeete ginn an him weisen. Du bass nach Deel vun der Gesellschaft. Du däerfs nach matschwätzen.

Den Ofschloss vum Memory Walk mécht dann ee Concert vum Serge Tonnar. Déi 3 Eventer also de Concert, d'Konferenz an de Spadséiergang lafen als Covid-Check Eventer. Déi éischt zwou Saache kann een och iwwert ee Livestream verfollegen et muss een also net onbedéngt op der Platz sinn fir een vun den Eventer ronderëm de Weltdag vum Alzheimer ze erliewen.


1) Concert "Eng Rees duerch d'Zäit(en)"

Wou: Conservatoire

Wann: 19.09.2021 um 15h00

Livestream: alzheimer.vdl.lu

Organiséiert vun der "Momenter intensiv Liewen" asbl

D'Stee vum Bild vum Robi Gottlieb-Cahen:

2) Konferenz  "Musik für mehr Lebensqualität bei Demenz"

Wou: Neimënster Sall Robert Krieps oder um Livestream

Wann: 23.09.2021 vun 18h30 bis 20h30

Gratis mee Umellung op billetterie@neimenster.lu

Méi Infoen hei:

Organiséiert vum Info-Zenter Demenz 

3) Memory Walk

Wou: Place de l'Europe

Wann: 25.09.2021 vun 11h00 un

Touren ginn um 13h00 un, Concert start um 14h30