D'Liewe besteet aus Héichten an Déiften, duerch déi mer alleguer ginn. Heiansdo sinn awer d'Problemer esou staark, dass een seng psychesch Balance nëmme schwéier halen oder erëmfanne kann. Dann ass een an enger Kris, wouduerch een och net méi mat de Stressfacteuren eens gëtt an d'Gefill huet ausgeliwwert ze sinn, oder mam Réck widder der Mauer ze stoen. Mënschen déi sech d'Liewen huele wëllen, sinn an esou enger Kris, Michèle Schons?

10/09/2021 Suicide - Wann een am Liewe keen Auswee méi gesäit

Ganz dacks huelen d'Leit sech d'Liewe well se no Erliichterung sichen. Awer fir Erliichterung ze fille muss ee liewen, soss kann een se net méi spieren. Bei der Sich no Léisunge kann engem Mënsch de Suicidegedanken duerch de Kapp goen ee vun den Alarmzeechen, deen appelléiert dass et Zäit ass fir sech ëm sech selwer ze këmmeren oder och Hëllef ze froen. En Thema, dat an eiser Gesellschaft nach staark tabuiséiert ass an iwwert dat een net gäre schwätzt. Dat ass Falsch, wéi d'Psychologin Elisabeth Seimetz vum Centre d'Information et Prévention eis erkläert:

Konkret Warnsignaler si wann een iwwer Suicide schwätzt oder och seet dass e wëll stierwen oder sech och vill mam Thema Dout a stierwe beschäftegt, online doriwwer liest, oder schreift oder dass et a Biller optaucht, wann ee moolt. Eng gewëssen Hoffnungslosegkeet kann optauchen oder e récksiichtslos Handelen, wéi sech enger grousser Gefor auszesetzen, well een am Hannerkapp huet, dass et egal ass wann engem dobäi eppes passéiert. Wichteg ass och dee Réckzuch vun de Frënn, der Famill, all deene Saachen déi ee soss gäre gemaach huet, sech verännert, net méi bedeelegt, an och dee Grond net méi huet, fir ze liewen.

D'Suicide Problematik ass e schwéiert Thema, besonnesch wann et ëm e Mënsch geet, deen ee gutt kennt. Vill Leit reagéiere schlecht op esou Gedanken, well se schockéiert sinn, oder mengen dass et nach schlëmmer gëtt, wann een driwwer schwätzt, wat awer per se komplett falsch ass.

Eng Persoun drop unzeschwätzen, ob en de Gedanken huet, net méi wëllen ze liewen, entlaascht d'Persoun. Et kënnt natierlech och ëmmer drop un, wéi een dat mécht, et ass wichteg, dass een net jugéiert an oppen nolauschtert an Empathie weist. Déi Persounen déi betraffe sinn, soen och ganz kloer, dass et hinne gehollef huet, dass do Leit waren déi hinnen nogelauschtert hunn, déi sech Zäit geholl hunn, an een esou d'Gefill kritt hunn, dass se hinne wichteg sinn. Wann een direkt mat Léisunge kënnt, da kritt een d'Gefill iwwerrompelt ze ginn, iert een iwwerhaapt seng Gefiller konnt ausdrécken. Oder och wann ee gesot kritt, -rapp dech zesummen!, ass e Jugement nom Motto -du gëss der net genuch Méi, a wann s de der mol méi Méi géifs ginn, da géif dat scho goen. Awer eng Persoun där et net gutt geet, huet schonn onmoosseg vill Saache probéiert fir dass et hir nees besser geet, awer et klappt net.    

Nolauschteren an Empathie gëtt engem Mënsch d'Sécherheet an e fillt sech gesinn. Dacks kann een dee Moment och d'Kraaft nees fanne fir sech fir d'Liewen amplaz den Dout z'entscheeden. An et gi Mënschen, déi engem Hëllefe kënnen, dat schrecklecht Leed z'iwwerwannen, déi een net jugéieren oder direkt an eng Therapie schécken. Beim Centre de Prévention kann ee selwer och Formatioune matmaachen fir zum mentalen éischt-Hëllef Secourist ze ginn:

E grousse Fokus vun deene Coursen ass éischtens emol d'Symptomer z'erkennen, wourunner gesinn ech, dass et enger Persoun net gutt geet. Mir schwätzen do déi heefegst psychesch Krankheeten un, Depressioun, Angschtstéierungen a Substanzoofhängegkeeten an d'Psychose an d'Schizophrenie. Hei geet et vill drëms wéi een esou e Gespréich strukturéiere kann. 

Nieft deene verschiddene Krankheete ginn och Krisen ugeschwat, besonnesch d'Suizidalkris a wéi een enger Persoun do eraushëllefe kann.

RTL