Parkinson ass eng vun deenen heefegsten neurodegenerative Krankheeten op der Welt, eleng zu Lëtzebuerg gëtt geschat ginn et 1000 Betraffener. Bei der Behandlung vu Parkinson maache Medikamenter awer just d'Hallschent aus. Grad esou wichteg sinn aner Gesondheetsberuffer fir d'Patienten esou laang wéi méiglech fit ze halen. Zanter 3 Joer gëtt et hei am Land en Netzwierk, dat e besseren Encadrement fuerdert. D'Lea Schwartz erzielt eis wat et mam Parkinson Net op sech huet.

14/09/2021 Parkinson Net, wat ass dat?

D'Mariella Graziano ass Deel vum Parkinson Net, si ass awer och Kiné a spezialiséiert op eben déi Krankheet. Bei de Patienten huelen mat der Zäit nämlech verschidde Kierperfunktiounen of, doduerch, dass d'Gehier net méi all d'Informatioune kritt. Bei hier léieren d'Leit zum Beispill wéi si gutt opstoe kënnen, wéi si grouss Schrëtt maachen. Dat alles ka fir Betraffener am Verlaf vun der Krankheet eng Erausfuerderung ginn, awer eben net nëmmen. Mariella Graziano: La situation est que la maladie de Parkinson est complexe et une maladie progressive, qui varie beaucoup d'une personne à l'autre. Et ces types de complexité ne peuvent qu'être gérés par des équipes multidisciplinaires et spécialisées, qui suivent des formations continues en utilisant la recherche à la pratique de tous les jours.

Nieft engem Kiné kann et also sinn, dass ee bei den Orthophoniste geet, wou ee richteg schlécke léiert, wëll dat vläicht net méi geet. Dat ass awer just e Beispill, all Patient ass och ganz anescht.

Mariella Graziano: Peut-être il y a un problème pour parler, une certaine difficulté pour avaler ou, pour écrire ou s'habiller avec vitesse. Et des fois aussi, et c'est très habituelle, un problème pour marcher. Les patients font des petits pas ou se bougent de manière lente. Tout ça ensemble c'est complexe.

Am ganze ginn et dofir 19 verschidde Gesondheetsberuffer, déi e Parksinon Patient ka brauchen. An genee do kënnt Parkinson Net an d'Spill. Dat ass amfong ee Konzept, dat all déi Spezialiste regruppéiert. Dat soll et méi einfach maache fir de Patient, mee et geet och ëm den Austausch tëscht de Professionellen. An Holland gëtt dat schonn zanter 2004 ugebueden. Mat ganz gudde Resultater.

Mariella Graziano: L'expérience des Pays-Bas, c'est qu'il y a moins de chute, moins de fracture, moins de complication de la maladie Pneumonies. Et une chose intéressant moins de frais.

Zanter 2018 gëtt et Parkinson Net och zu Lëtzebuerg. Am Moment sinn do 4 Beruffsgruppe regroupéiert an dat sinn d'Kinéen, d'Neurologen, Ergotherapeuten an d'Orthophonisten. D'Ziel wär et weider Gesondheetsberuffer fir déi Krankheet ze forméieren an uechtert d'Land kleng Equippen ze hunn. Esou, dass d'Patienten sech net ze wäit mussen deplacéieren. An d'nächst Joer sinn och schonn nei Formatioune geplangt, alles fir Parkinson Patienten esou gutt wéi méiglech ze encadréieren. D'Krankheet kann nämlech net geheelt ginn, d'Liewensqualitéit kann awer mat enger Therapie vill verbessert ginn.

Méi Infoen iwwert de Parkinson Net fannt dir hei: