Muer ass Weltalzheimerdag, de Moien krute mir schonn ee klengen Abléck an d'Fuerschung hei zu Lëtzebuerg ronderëm déi Krankheet, an mir hunn schonn d'lescht Woch eis RTL Reporterin bei d'Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun geschéckt. Déi gouf 1987 vun Leit gegrënnt, déi selwer betraffen Léit an hirem Ëmkrees haten. Mëttlerweil hunn si eng ganz Rei ambulant a stationär Ariichtungen a maachen Berodung ronderëm d'Krankheet fir Betraffener an hir Familljememberen. An am Foyer du Jour war d'Lea Schwartz op Besuch. 

20/09/2021 Weltalzheimerdag: Liewen mat der Krankheet