Dat Hellegst an engem Stadion ass de Wues. Dee muss geheegt a gefleegt ginn. Ass deen net an der Rei da kann et emol virkommen dass grouss Stare wéi de Cristiano Ronaldo den Terrain als e Gromperefeld bezeechnen. Am Stade de Luxembourg läit nëmmen dat Bescht. Den RTL Reporter konnt sech dovun iwwerzeegen.

24/09/2021 Am neie Stadion: En Tour iwwert de Wues
RTL

© Laurent Gillander

Am Stade de Luxembourg läit en änleche Wues wéi zu Arsenal. E Wues an deen Nylon mat verschafft ass. Esou kritt een en enormen Drainage. De Wues kënnt aus England a baséiert op enger "Rasentragschicht". Problemer wéi um Josy Barthel dierften domat der Vergaangenheet ugehéieren. Et ass Wues, dee sech séier spille léist. De Wues ass duerch säin Opbau ëm 500.000 Euro méi deier wéi aner Wueszorten. Den Opwand fir dësen ze Fleegen ass enorm. Wa Kléi oder Änleches dra kënnt, da gëtt dee mat der Hand erausgeholl. De Wues gëtt all Dag geméit wou en dann och muss bewässert ginn. Et gëtt esou gutt et geet evitéiert mat Unkrautvernichter ze schaffen. Fiichtegkeet gëtt permanent gemooss. Am Wanter ginn déi Plazen déi am Schied leie mat UV Luuchte bestraalt fir dass de Wues wiisst.

RTL

© Laurent Gillander

Dofir ass natierlech Manpower néideg. 7 Leit si Permanent ënnerwee. Zousätzlech 1 Ingenieur fir Technik an e Redakter deen déi ganz Schreifaarbechte mécht.

De Livestream vun der Aweiung kann een online kucken dat ass méiglech op der Säit vum Stade de Luxembourg ënner: