Den Hierscht huet lescht Woch ugefaangen an dat ass mat déi schéinsten Zäit am Wéngert. Drauwe sinn nämlech zeideg a prett fir an e gudde Wäin verschafft ze ginn. Haut fänkt d¨'Lies op der Musel un, an Michèle Schons du hues de Moie spontan decidéiert fir op Réimech ze fueren fir eng Hand mat unzepaken, gudde Moien: 

27/09/2021 Drauwelies: zu Réimech am Wéngert

Mir sinn am Domaine Desom zu Réimech mat op Besuch an de Marc Desom huet eis mat op de Primerbierg geholl, wou et de Moie lass goung. Hien huet erkläert wourunner ee gesäit, dass d'Drauwen zeideg sinn fir ze liesen, wourop ee muss oppassen an och wéi d'Lies iwwerhaapt organiséiert gëtt, wéi de Prozess ausgesäit bis de Wäin schlussendlech am Glas ass. Schmaachen ass dacks nach méi wichteg wéi d'Analyse mat Zocker a Saier, a wann se gutt schmaachen an e gudden Aroma hunn, ass ausschlaggebend, dass ee mat der Lies soll ufänken.

RTL

© miSchons

Dat flott um Beruff ass dass all Joer anescht ass, ma mat der Qualitéit vun den Drauwen déi mer elo hunn, kann ee soen, dass et e gutt Joer ass. Ugefaange gëtt mam Rivaner an Auxerrois, iert een dann op d'Burguderzorten eriwwer geet. Zum Schluss kënnt dann nach de Riesling, de Gewürztraminer an de Chardonnay, déi no 4 Woche réischt un der Rei sinn.

RTL

© miSchons

Et gëtt alles op der Hand gelies, an esou ass e wichtege Selektiounskrittär ginn, et muss ee kucken op d'Drauf schéi gesond ass, wann duerch de Reen platze faul sinn, déi ginn erausgeschnidden. Da kommen se op eng Table de Tri wou se nach emol genee kontrolléiert ginn op se dem beschte Standard entspriechen.   

RTL

© miSchons