Haut ass den Dag, d'Wënzer gi mat hiren Herschter an d'Wéngerten fir déi zeideg Drauwen ze liesen. De geneeën Zäitpunkt hänkt vun e puer Facteuren of, d'Wieder spillt eng grouss Roll an och den Aroma vun der Drauf, wéi mer de Moie schonn héieren hunn. Dofir muss de Wënzer iwwerleeën wéini de beschten Zäitpunkt ass. Michèle Schons du bass mat derbäi haut um Optakt?

27/09/2021 Drauwelies: Am Gärkeller beim Marc Desom

Mir sinn elo am Fudderfaass-Gärkeller, wou déi verschidden Zorten an Inox-Fässer gelagert ginn. Een deel wéi de Chardonnay an de Pinot Noir ginn am Barrique Keller gemaach. Et ginn Inoxfässer a verschiddene Gréissten, fir de Rivaner wou méi grouss Quantitéite bis zu 25 Fudder dra vergäert ginn, an hei am Keller sinn elo och méi kleng Fässer mat 2 Fudder.

RTL

© miSchons

Iert mer afëllen sinn eng Rei Etappen ze maachen. No der Gärung setzt de Gros vun der Hief sech of, da si mer op der Feinhief, an da kënnt déi éischt Clarificatioun wou d'Hief ganz ewechgeholl gëtt, an dono bleift de Wäin nach eng Zäit leien, bis ongeféier Februar Mäerz nächst Joer déi éischt Wäiner gefëllt ginn.

RTL

© miSchons

Am Pavillon Desom kann een dann och an +- zéng Deeg den éischte Fiederwäisse vun der Rivanerdrauf degustéieren.

RTL

© miSchons