An Däitschland geet de Walkampf dës Woch an déi waarm Phas.  Déi lescht Woch virun de Bundestagswalen kënnt et besonnesch dropp un déi z'iwwerzeegen déi sech bis elo nach net festgeluecht hunn. Där gëtt et vill an ze lescht ass d'Avance vun de Sozialdemokraten an de Sondagen och geschmolt.
Eent ass sécher- e Sonndeg den Owend kommen eng ganz Partie Faarwekonstellatiounen a Fro. Claude Zeimetz

20/09/2021 Méiglech Koalitiounen no de Bundestagswalen- Claude Zeimetz

Et ass eng Premiere an der Geschicht vun der Bundesrepublik. Eng alleréischte Kéier trëtt den aktuelle Chef am Kanzleramt net méi un. De 26. September geet d'Era Merkel no 16 Joer op en Enn. No 4 Joer Schwaarz-Rout,  enger grousser Koalitioun wéi dat an Däitschland genannt gëtt, gëtt sech allgemeng eng schwiereg Regierungsformatioun an eng éischt Dräierkoalitioun op Bundesniveau erwaart. Mä och wa Majoritéiten reng rechneresch denkbar sinn, heescht dat nach laang net, datt d'Parteien sech inhaltlech eenege kënnen.

Dat war 2017 schonn net anescht. Um Enn huet de Liberale  Christian Lindner déi sougenannt Jamaika-Koalitioun tëscht Union, deene Gréngen an de Liberalen nach am leschte Moment platze gedon mam berühmte Saz "Es ist besser nicht zu regieren als falsch ze regieren".

Jamaika-Koalitioun

An haut? Fir eng Koalitioun mat der FDP an CDU an CSU misste besonnesch déi Gréng vill Waasser an hire Wäin beim Klimaschutz schëdden, déi inhaltlech Divergenzen si frappant an d'Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock huet an dësem Walkampf all ze gär dropp higewisen wéi wéineg efficace déi aner Parteien am Géigesaz zu de Gréngen den Defi vum Klimawiessel ugaange sinn an op wat déi nächst Joren ukënnt.

Ampel-Koalition

D'FDP hirersäits dierft besonnesch an enger sougenannter Ampel-Koalitioun mat deene Gréngen  ënner Leedung vum Olaf Scholz an der  SPD  iwwert hire Schied sprange mussen. Besonnesch well de Christian Lindner sech am Walkampf géint e "Lénksruck an der Politik" mat méi héije Steieren ausgeschwat huet. Fir eng Regierungsbedeleegung géifen déi Liberal op alle Fall  héij Fuederung stelle, notamment de Posten vum Finanzminister.

Schreckgepenst Rot-Rot-Grün

Den Armin Laschet an d'Union hunn am Walkampf besonnesch d'Schreckgepenst vu Rot-Rot-Grün also mat Bedeelegung vun der Linkspartei un d'Mauer gemolt.

Die Linke huet net hir Zoustëmmung fir d'Evakuéierungsmissioun aus dem Afghanistan ginn a kennt d'NATO net un. Den Olaf Scholz huet bis elo net kloer "Nee" zu enger Regierungsparticipatioun vun der Linkspartei gesot mä prinzipiell kloer gemaach, datt d'Sozialdemokraten nëmmen mat engem Partei regéiere kënnen déi sech zur Nato an der EU bekennt, datt een verstänneg mat de Suen ëmgeet an datt d'Wirtschaft wiisst.

D'Union huet sech kloer géint eng Regierung mat deene Lénken ausgeschwat. Alleguerten d'Parteien déi am Bundestag vertruede sinn refuséieren iwwerdeems kategoresch eng Zesummenaarbecht mat der AfD.

Schwaarz-Rout-Giel oder Schwaarz-Rout-Gréng

Aner méiglech Konstellatiounen wieren eng sougenannte Däitschland-Koalitioun vun Union, SPD an FDP, sou eng huet sech grad eng éischte Kéier  a Sachsen-Anhalt forméiert. Oder eng Dräierkoalitioun vun Union, SPD an deene Gréngen, déi als Kenia-Koalitioun gelabelt ass a verhältnis méisseg grouss géif ausfalen. D'Oppositioun am Bundestag wier deementspriechend a Part kleng.

GroKo

An eng nei gouss Koalitioun? Déi kéint reng rechnerech scho guer net méi méiglech sinn  a war awer och schonn 2017 nëmme mat vill Widdermutt a wéinst Alternativlosegkeet zustan komm. De Vizechef vun der SPD Kevin Kühnert, GroKo-Géigner, hält Rout-Schwaarz fir "komplett ondenkbar". "Jiddereen an der SPD wéillt d'Union an d'Oppositioun schécken". Den CSU-Chef Markus Söder sengersäits wier scho bereet eng weider GroKo anzegoen. Awer nëmmen mat de Sozialdemokraten als Juniorpartner.