50 Joer kritt d'Ëmweltorganisatioun Greenpeace, de 15. September. Mir hunn schonn héiere wou den Numm hierkënnt. D'ONG ass entstanen zu enger Zäit wou nach iwwerierdesch Atomtester gemaach ginn. Dogéint hunn déi éischt Memberen sech agesat, engersäits fir de Fridden, dass keng Atomwaffe méi benotzt ginn, awer och fir d'Ëmwelt, déi do staark drënner gelidden huet. Dofir och Greenpeace, also grénge Fridden. Zu Lëtzebuerg gëtt et och ee Sëtz, deen ass an de 1980er Jore gegrënnt ginn an mat wuel eng vun deene gréissten Aktiounen hei am Land war d'Besetzung vun den Esso Statiounen am Joer 2002.

15/09/2021 50 Joer Greenpeace - Déi Lëtzebuerger Organisatioun

Laetitia de Marez (Archiv) : Nous avons déployé 620 activistes dans tout le pays, ils viennent de partout dans le monde, ils parlent 19 langues, donc c'est vraiment une mobilisation exceptionnelle de Greenpeace.

Dësen Extrait vum Laetitia de Marez vu Greenpeace Frankräich gouf 2002 opgeholl wéi honnerten Aktiviste vu Greenpeace d'Esso Statiounen hei am Land besat hunn.

Mat Handschelle gouf sech un d'Tanksaile gestréckt an un deem Dag gouf keng Drëps Bensinn do verkaaft.

De Roger Spautz. Matgrënner vu Greenpeace Lëtzebuerg erënnert sech.

Roger Spautz: Et war eng vun deene gréissten Aktiounen, wann net souguer déi gréissten Aktioun, déi mir hei zu Lëtzebuerg haten. Do waren elo vill Aktivisten, déi engagéiert waren. Déi dobäi waren, fir déi Tankstellen ze besetze fir do op puer Probleemer och hinzeweisen op de Klimawandel an, dass Exxon Mobile oder Esso, wéi si heiansdo zu Lëtzebuerg oder an Europa heeschen, dass déi vill bäidroen zum Klimawandel awer amfong ëmmer probéiert hunn de politeschen Niveau ze verhënneren, dass d'Moossname getraff ginn.

De Roger Spautz war och selwer op e puer Protester dobäi, och op internationalen Aktiounen; ënnert anerem wéi Greenpeace Däitschland 1987 e Schëff gestoppt hat, dat chemesch Offäll an d'Nordsee wollt kippen. Zesumme mam Raymond Triebel huet hien och den éischte Büro 1984 hei am Land opgemaach. Zu enger Zäit wou d'Atomkraaftwierk zu Cattenom staark diskutéiert gouf.

Roger Spautz: Do ware mir a sech eng Handvoll Leit, déi engagéiert waren a wou mir fonnt hunn, dass Greenpeace eng Organisatioun war wou net nëmmen diskutéiert ginn ass, mee fir direkt op de Probleem hinzeweisen, mee fir och déi Aktiounen ze maachen. Wou mir geduecht hunn, dat ass eng Aart a Weis, wou een sech méi direkt kann engagéieren, wéi wann een elo just a Reuniounen ass an iwwer Probleemer debattéiert. Hei gëtt deelweis konkret probéiert d'Verschmotzung ze verhënneren. Sou wéi d'Ofholze vun de Reebëscher a sou weider. An da lues a lues wat Greenpeace och gemaach huet dat ass Léisungen och opzezeechnen. Wéi gewise gëtt, wat ee kann änneren.

Dat ass elo 37 Joer hier an och wann d'Atomzentral vu Cattenom nach haut leeft, géif een trotzdeem positiv op d'Aarbecht vun deene leschte Joren zréckkucken.

Roger Spautz: Et war net alles fir näischt, ech menge Greenpeace huet vill erreecht, sief et hei zu Lëtzebuerg oder op internationalem Niveau, just fir e puer Punkten ze soen. Verbuet vun den Atomtester, d'Walen si geschützt, et gëtt en internationale Protokoll, wou Substanze verbuede gi sinn, déi d'Ozon-Schicht schiedegen.

Esou ass d'Antarktis zum Beispill och zu engem Weltpark erkläert ginn, et ass verbuede chemesch oder radioaktiv Substanzen an de Mierer ze entsuergen.Zu Lëtzebuerg ass ass et esou och verbueden OGMen anzesetzen. Et wär vill gemaach ginn, an awer dacks awer och net genuch.

Roger Spautz: Ech soe ganz kloer, dass d'Politik, dass déi ganz oft ze lues sinn. Ech menge Klimawandel hu mir virun 20 Joer schonn drop higewisen, dass Moossname musse getraff ginn. D'Politik war do net aktiv genuch fir den Energieverbrauch erofzedrécken a massiv an erneierbar Energien ze investéieren.

50 Joer leien dann elo hannert der Organisatioun an do kann ee gespaant sinn, wat dann nach alles kënnt.