Haut viru 40 Joer hu Simon & Garfunkel e memorabele Concert am gréngen Häerz vum Big Apple ginn. Et war net nëmmen de Comeback vum legendäre Folkrock-Duo mä anengems d'Rettung vum Park matzen a Manhattan. De Gibbes Bertolo erënnert un d'Evenement vun deemools ...

19/09/2021 Op den Dag: The Concert in Central Park

Haut viru 40 Joer hu Simon & Garfunkel e memorabele Concert am gréngen Häerz vum Big Apple ginn. Et war net nëmmen de Comeback vum legendäre Folkrock-Duo mä anengems d'Rettung vum Park matzen a Manhattan. Simon & Garfunkel - The Concert in Central Park ... den 19. September 1981, haut viru 40 Joer.

350 Hektar, eng Oas mat Beem, Wisen a Séien déi zanter 1873 als gréng Long vun New York de Kontrast zu Empire State Building a Co representéiert. Allerdéngs geet et dem Park ronn 100 Joer méi spéit net gutt: Kriminalitéit, Vandalismus a Verknaschtung hunn dee fréiere Bijou an e Suergekand verwandelt. D'Stad New York mam deemolege Buergermeeschter Ed Koch spillt mam Gedanken, de Park zouzemaachen an en der Immobilie-Welt z'iwwerloossen. Domadder sinn awer vill New Yorker net d'Accord, et kënnt zu der Grënnung vun enger Stëftung fir Suen ze sammelen an domadder d'Erhale vum Park ze garantéieren.

Esou hunn déi Responsabel vun der Stëftung dunn och de Paul Simon kontaktéiert. De Simon war am Ufank skeptesch, seng Solo-Projete haten zu deem Ablack kee gudde Laf an och privat war en an engem klenge Lach. Wann et em awer géif glécken, säi fréiere Partner Art Garfunkel fir den Optrëtt z'iwwerrieden, wier et ok.
Dee war grad an der Vakanz an der Schwäiz, ass dunn awer voller Begeeschterung heem geflunn an esou stoung dem Revival vum Duo näischt méi am Wee.

Ronn 500.000 Fans hu sech iwwert de “Great Lawn”, där grousser Wiss am Park verdeelt, de Concert war gratis an déi 2 gebierteg New Yorker Simon a Garfunkel hunn, zesumme mat 11 auserwielte Museker, hirer Stad 21 Lidder presentéiert, dorënner och e Grappvoll Solo-Wierker awer dee gréissten Deel ware Klassiker vum Duo.

De Paul an den Art hate knapp 3 Wochen Zäit, fir sech op den Optrëtt – deen éischten no iwwer 10 Joer Paus – ze preparéieren. Nom Concert war de Paul Simon dann och net wierklech zefridden, eréischt wéi en uschléissend d'Reportagen an den Zeitungen an op der Tëlee matkrut, hat en d'Gewëssheet: Dee Concert sollt an d'Analen agoen. De Live-Album an de Film vum Concert hu Milliounen abruecht an esou krut de Central Park neit Liewen agehaucht a konnt an de Joren dono mat weidere Spenden grëndlech sanéiert ginn.

Simon & Garfunkel - The Concert in Central Park ... den 19. September 1981, haut viru 40 Joer.