D’Walen an Däitschland gi mat dëser Woch an hir lescht Ronn: De Sonnde ginn d’Stemmen ausgezielt an d’Resultat vun den Bundestagswale bekannt. Nodeems esou vill Rieds war vu Gefuddels an de Liewensleef oder vun Ofschreiwen, vu Gesichter an Debaten op der Tëlee, huele mer d’Walprogrammer vun de Parteien ënnert d‘Lupp.

Klima- an Ëmweltschutz zum Beispill ass, wéi Ëmfroen erginn, fir di meescht Mënschen an Däitschland d’Thema Nummer eent, dat an Zukunft ugepaakt muss ginn. Dofir kucke mer d’Walprogrammen a -versprieche vun de sechs grousse Parteien un, déi aktuell am Bundestag vertriede sinn, un.
Eng Korrespondenz vum Claire Schmartz vu Berlin....

21/09/2021 Wahlen BRD: Klimapolitesches Rep.: Cl. Schmartz (online)