De 26. September ass den Europäeschen Dag vun de Sproochen. Dësen Aktiounsdag gouf 2001 am Kader vum Europäesche Joer vun de Sprooche vum Europarot an d'Liewe geruff.

26/09/2021 Den Europäeschen Dag vun de Sproochen

An e soll drop opmierksam maachen, datt d'Léiere vun enger Friemsprooch net nëmmen wärend e puer Joer an der Schoul passéiert mä eis u sech e ganzt Liewe laang soll begleeden. All Sproochen a Kulture solle respektéiert, déi individuell Méisproochegkeet gefërdert an d'Nohaltegkeet vun deenen iwwer 200 europäesche Sproochen, Zeie vun eiser Identitéit, erhale ginn.
Aus geographescher Perspektiv zitt Europa sech vum Atlantik bis bei de russesche Kaukasus an ass mat ronn 10,5 Millioune Quadratkilometer, no Australien, deen zweetklengste Kontinent. Europa besteet aus 46 souveräne Staaten mat 746 Milliounen Awunner. D'Europäesch Unioun, dat si jo 27 Natiounen mat 24 Amtssproochen. Dobäi kommen nach hallef-amtlech Sproochen ewéi baskesch, galizesch a katalanesch.

Méi ewéi 90 % vun allen Europäer schwätzen indogermanesch Sproochen, am Ganze ginn op eisem Kontinent eng 225 Sprooche benotzt, ronn 3 % vum weltwäiten Total.
Mat ronn 150 Millioune steet Russesch op der éischter Plaz, hannendrun Däitsch mat 95 Milliounen,Franséisch an Tierkesch mat 80 Milliounen, Englesch 70, Italieenesch 60, Spuenesch a Polnesch 40. Etüden hunn erginn, datt déi beléiftste Friemsprooch an Europa Englesch ass, virun Däitsch, Franséisch, Italieenesch, Russesch a Spuenesch.
Eist Lëtzebuergesch gouf iwwregens 2009 vun der Unesco an dat rout Buch vun de Sproochen, déi a Gefor sinn, opgeholl. An als klenge Rappell: D'Lëtzebuergescht gouf am Februar 1984 als Nationalsprooch an nieft dem Däitschen a Franséischen als eng vun den dräi administrative Sproochen hei am Land deklaréiert. An 1995 och per Gesetz als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit definéiert.