Wat halen d'Vertrieder vun de 7 Parteien an der Chamber vun de Léisungsusätz déi de Xavier Bettel dës Woch a senger Ried zur Lag vun der Natioun presentéiert huet? Huet de Premier mat senger Ried iwwerzeegt? Wat huet gefeelt? Ënnert anerem déi Froe stounge gëscht am Zentrum vun der Emissioun Kloertext, Claudia Kollwelter

15/10/2021 Resumé Kloertext 7h20 - Rep. Claudia Kollwelter

De Sven Clement vun de Piraten huet haaptsächlech bedauert, datt sech net agestoe géif ginn datt d'Land Problemer hätt. Mesurë missten eng kéier annoncéiert an dann och ëmgesat ginn:
 
Anstatt datt mer déi nämmlecht Projeten, souwuel am Etat de la Nation, wéi am Budget, net nëmmen ee mol oder zwee mol presentéiert kréien, mee dräi, véier mol. Ech mengen et hu schonn 3-4 Logementsministere Wunnen un der Wooltz an Elmen ageweit hunn. An nach gëtt am Etat de la Nation dovu geschwat wéi wann et dat Neistent wier. Dann kënne mer den Exercice si loossen, well et da just drëm geet e schéint Bild vu Lëtzebuerg ze zeechnen, an et huet awer och méi elle Säiten.
 
Eng Kritik déi den DP Fraktiounschef Gilles Baum natierlech net sou wollt stoe loossen:
 
Dat ass absolut falsch. Ech hunn eng determinéiert Ried héieren, eng Ried déi no vir kuckt mee och selbstkritesch war. A mir wësse wou mer nach mussen noleeën an ech mengen datt mer dat all wäerten zesumme maachen.
 
Der Fraktiounspresidentin vun der CSV, Martine Hansen no wieren ganz wichteg Punkten guer net ernimmt ginn. Si hat sech erwaart datt a Punkto Steierreform eppes kéim:
 
Dat war e Walverspriechen op dat d'Leit gehofft haten datt se zum Beispill Entlaaschtunge kriten, wat definitiv net komm ass!
 

D'Myriam Cecchetti, Deputéiert bei déi Lénk betount datt een d'Pandemie an deem Fall net als Excuse notze kéint:
 
Well et kann een och eng Steierreform maachen andeems ee just dat wat een huet anescht verdeelt. Wann Millionären an Multi-Millionäre méi Steiere bezuele kann een déi verdeelen op déi di manner hunn.
 
D'Pandemie wier numol awer dertëscht komm huet de Georges Engel, LSAP-Fraktiounschef argumentéiert:
 
Mir si mol nach net aus der Pandemie eraus, dofir ass et net falsch elo nach eng Kéier eng Stabilitéit ze kréien an dann am nächste Budget ze kucken wat nach vu soziale Mesurë kann dra kommen.

 
Wat d'Reform vun der Grondsteier ugeet war et d'Kritik vun der Oppositioun ënnert anerem datt scho x Joren drop gewaart gëtt. De Fernand Kartheiser vun der ADR huet betount datt fir seng Partei eng Steiererhéijung net d'Léisung wier:
 
Well e Propriétaire deen eng Steier muss bezuelen an da verlount oder verkeeft, dee gëtt déi Steier virun, e bleift net drop sëtzen. Et ass also e Risiko datt e Locataire oder anerer dat musse bezuelen. Mir haten dat schonn. Gambia huet jo TVA vun 3 op 17% fir verschidde Wunnengen erop gesat. An dann ass d'Konsequenz datt de Locataire dono belaascht ass.

 
D'Martine Hansen huet dann nach betount datt d'CSV sech a Punkto Grondsteier en Avant Projet de Loi erhofft hat, well et fir si ouni deen net wierklech realistesch wier d'Gesetz an engem Joer virleien ze hunn, sou wéi de Premier dat annoncéiert huet.